- Posts: 305
Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen
- admin
- Offline
Less
More
4 years 5 months ago - 4 years 5 months ago #546
by admin
Replied by admin on topic Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen
Dat do ass effectif d'Léisung! Villmools Merci!
Hei ass een aktuellt Bild vum Eck 60 rue de Beggen mat der rue de la Cimenterie. Leider ass d'Haus mat der Traapen (60 rue de Beggen) duerch eng Résidenz ersat ginn!
Duerch d'rue de la Cimenterie ass d'Schlaackebunn (60 cm Spurwait) op d' Dummeldenger Cimenterie gefuer
an ass op der Plaz vum Accident iwwert d'Beggener Strooss vum Schlaackentipp komm. Spéider huet d'Schlaackebunn en plus hei den Tram gekraizt.
Vlaicht ass och nach eng Foto vum aalen Haus op 60 rue de Beggen (maison du garde-barrière ) op ze dreiwen.

The following user(s) said Thank You: jega, BB3608
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- BB3608
- Offline
Less
More
- Posts: 14
4 years 5 months ago #545
by BB3608
Replied by BB3608 on topic Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen
Gudden Owend,
se schreiwen zwar vum "chemin de fer", mee kéint ët nët den Iwwergang vun der Dummeldenger Schmelz, duerch déi heideg Rue de la Cimenterie, quiersch iwwert d'Beggener Strooss op den Tip gaangen ass. Datt den Accident op der Beggener Strooss geschitt ass, wier jo an dem Sënn logësch, well se jo Richtung Wolz gefuer sin

The following user(s) said Thank You: admin
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- admin
- Offline
Less
More
- Posts: 305
4 years 5 months ago - 4 years 5 months ago #544
by admin
Replied by admin on topic Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen
Hei ass een Artikel wahrscheinlëch iwwert dësen Accident:
Accident d’automobile. Hier matin, M. Saur devait se rendre en compagnie de son chauffeur à Wiltz, lorsque l’automobile, traversant le passage à niveau près de Beggen, s'engagea dans les contre-rails du chemin de fer. La direction faussée, la voiture donna contre l’escalier de la maison du garde-barrière où l'avant-train fut démoli complètement. Les voyageurs n’ont pas été confusionnés. (LIL: 12.6.1908)
Wéi eng Barrière ass hei gemengt?
Villmools Merci am Viraus fir all Info! info@industrie.lu
Accident d’automobile. Hier matin, M. Saur devait se rendre en compagnie de son chauffeur à Wiltz, lorsque l’automobile, traversant le passage à niveau près de Beggen, s'engagea dans les contre-rails du chemin de fer. La direction faussée, la voiture donna contre l’escalier de la maison du garde-barrière où l'avant-train fut démoli complètement. Les voyageurs n’ont pas été confusionnés. (LIL: 12.6.1908)
Wéi eng Barrière ass hei gemengt?
Villmools Merci am Viraus fir all Info! info@industrie.lu
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Topic Author
- Offline
Less
More
- Posts: 258
10 years 11 months ago #88
by jmo
Replied by jmo on topic Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen
Hei ass ee Mail vum Claude Hermes:
Op ärem Internetsite Industrie.lu do hu dir eng Foto vun engem Autosaccident. Där frot do ewou dat ka sinn ( Mersch ? ). Ech hun haut eng Foto gemach vum Haus No 63 rue Principale zu Cruchten.
Et kann sech hei em dat Haus handelen wat där sicht. Riets op menger Foto do geet et an rue Neuve. Wann deen Auto aus desser Stroos komm ass an no lenks an rue Principale wollt ofbéien dobäi d’Kéier net richteg grut da rennt hien an dest Haus. Dat géif och erklären virwat de Steen vun der Trap lenks vun der Dier läit an dat Schongofbotzeisen dat an der Mauer ass net futti ass. Op menger Foto do gesäit een och dass déi Steng ronderem Dier an d‘Fensteren nei sinn, d’Klapplueden sinn och net méi do. De Baam riets vum Haus op äerem Bild deen en do nemmen hallef gesäit ass och nach do, ewoubäi dat Haus an der Mett op ären Bild do steet haut eng Scheier. Mä ewéi gesot et mus sech net unbedingt em dës Plaz handelen.
Vill Spaas a bis dann.

- Robert
- Offline
Less
More
- Posts: 41
11 years 1 month ago - 4 years 5 months ago #83
by Robert
Replied by Robert on topic Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen
hei sin 2 Biller (vun delcampe.com) vum Showroom vum
Garage Saur an der Stad
. Do steht een Auto mat esou enger Plaque: 918N1
The following user(s) said Thank You: admin
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Topic Author
- Offline
Less
More
- Posts: 258
11 years 2 months ago #80
by jmo
Replied by jmo on topic Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen
Hei ass d'Äntwert déi mer via de Goy Feltes kruten:
La plaque 9xx-N1 provient de l'arrondissement minéralogique de Nancy (avant les départements, et bien plus vaste), et date de fin septembre ou tout début Octobre (le 02 ?) 1907.
Villmols merci!
La plaque 9xx-N1 provient de l'arrondissement minéralogique de Nancy (avant les départements, et bien plus vaste), et date de fin septembre ou tout début Octobre (le 02 ?) 1907.
Villmols merci!
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Topic Author
- Offline
Less
More
- Posts: 258
11 years 2 months ago - 4 years 5 months ago #78
by jmo
Replied by jmo on topic Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen
Hei sinn nach 2 Détailopnahmen:
Den Auto ass ee Peugeot, aus dem Grand Garage G. Saur-Koch, Boulevard-Royal, Luxembourg ,
Ass dëst eng lëtzebuerger Autosplaque?
D'Qualitéit vun der Foto ass esou gutt, dat ee esouguer d'Marque vun de Pneuën Michelin gelies kritt!
Den Auto ass ee Peugeot, aus dem Grand Garage G. Saur-Koch, Boulevard-Royal, Luxembourg ,
Ass dëst eng lëtzebuerger Autosplaque?
D'Qualitéit vun der Foto ass esou gutt, dat ee esouguer d'Marque vun de Pneuën Michelin gelies kritt!
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Gilles
- Offline
Less
More
- Posts: 8
11 years 7 months ago - 11 years 7 months ago #60
by Gilles
Replied by Gilles on topic Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen
Gudden Owend,
Kinnt dat do nët tëschend Biereng a Méisdrëf, oder an der rue Lohr zu Miersch sin?
E schéine Bonjour,
Gilles
Kinnt dat do nët tëschend Biereng a Méisdrëf, oder an der rue Lohr zu Miersch sin?
E schéine Bonjour,
Gilles
The following user(s) said Thank You: admin
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Topic Author
- Offline
Less
More
- Posts: 258
12 years 1 month ago - 11 years 2 months ago #25
by jmo
(Photo collection: industrie.lu)
Wou a wéini ass dësen Accident geschitt? an der Géigend vu Miersch? (dat steht mol hannen op der Foto drop)
Den Här, lënks am Bild, schingt Vollkasko gehat ze hun wann een de Propriétaire vum Auto war, well ee gesait nët gestress aus...
Villmols merci am Viraus fir all Hiweis!
Un grand merci d'avance pour toute info!
Vielen Dank im Voraus für jede weitere Information!
Jean-Marie Ottelé
E-Mail: info@industrie.lu
Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen was created by jmo
(Photo collection: industrie.lu)
Wou a wéini ass dësen Accident geschitt? an der Géigend vu Miersch? (dat steht mol hannen op der Foto drop)
Den Här, lënks am Bild, schingt Vollkasko gehat ze hun wann een de Propriétaire vum Auto war, well ee gesait nët gestress aus...
Villmols merci am Viraus fir all Hiweis!
Un grand merci d'avance pour toute info!
Vielen Dank im Voraus für jede weitere Information!
Jean-Marie Ottelé
E-Mail: info@industrie.lu
Please Log in or Create an account to join the conversation.
Time to create page: 0.210 seconds