Wéi een Tuerm ass dëst op der Waasserbëlleger Gare?

  • admin
  • Topic Author
  • Offline
  • Administrator
  • Administrator
More
28 Okt. 2019 19:40 - 29 Okt. 2019 07:38 #5484 by admin
Op dësem Plang
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

vu virun 1918 steet effectif op dem Gebai un der Musel vis-à-vis vun der Waasserbëlleger GL-Gare "Wasserpumpe der Pr. Heinrich Eisenbahn"
Last edit: 29 Okt. 2019 07:38 by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
29 Mai 2018 18:58 #5148 by jmo
Op dëser Foto vun ëm 1907 kinnt den 1. Waassertuerm (mat der Machine fixe ?) vun der Waasserbëlleger Gare ze gesi sinn:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • admin
  • Topic Author
  • Offline
  • Administrator
  • Administrator
More
22 Apr. 2018 13:12 #5116 by admin
Hei ass ee mail vum Claude Hermes. Villmools merci!

"Ech hun hei 3 Fotoen am Ed.Federmeyer senge Bicher „Eisenbahnen in Luxemburg „. Band 1 a Band 3 fond:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Aus dem Band 1, Säit 282 des Foto aus dem Joer em 1952. Hei gesät een ären Tuerm aus dem Forum vu déier anerer Säit.



This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Op deser Foto ( eng Vergréisserung) aus dem Band 1, Säit 266 Joer em 1905 gesäit een virun der PH-Gare ee ronnen Tuerm. Dat kéint der PH hieren Wassertuerm gewierscht sinn.


Op desser Gare gouf et jo ee Waasserkran. Op der Foto aus dem Band 3, Säit 38 gesäit een dësen ganz gutt.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Foto aus dem Band 3 Säit 38"

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
20 Apr. 2018 10:05 - 20 Apr. 2018 10:34 #5108 by jmo
Villmools Merci fir all déi Informatiounen déi mir biselo kruten!

Folgendes schéngt biselo kloer ze sinn:

- Den 8eckegen Waassertuerm gouf 1908 gebaut an ass am Krich 1944/45 zerstéiert ginn.

- De rechteckegen Tuerm ass op Fotoen vun 1948 an 1950 ze gesinn. Wéini ee gebaut gouf a wéini een ofgerappt gouf ass nach net gewosst. War ët ee provisoreschen Waassertuerm nodeems deen 8eckegen Waassertuerm 1944/45 zerstéiert gouf? Wat do dergéint schwätzt ass dat een op der Foto vun 1950 méi al ewéi 5 Joer schéngt ze sinn.

- Den neie ronnen Waassertuerm, deen elo nach do steet, ass ëm 1948 hannert dem Lokschapp gebaut ginn.



Eng weider Fro bleift: hat d'PH - Gare zu Waasserbëlleg och ee Waassertuerm?


Bescht Gréiss,

Jean-Marie
Last edit: 20 Apr. 2018 10:34 by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
18 Apr. 2018 08:31 #5103 by jmo
Villmools merci fir déi Info!

Wéivill Waassertirm gouf ët dann am ganzen zu Waasserbëlleg?

Hei ass ee Bild vum aale Waassertuerm:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Dee gouf 1944/45 zerstéiert.

Op der Foto vun 1950 gesait een hannen den neien Waassertuerm:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



De PH misst jo och ee Waassertuerm gehat hun. Wou stung den?


Bescht Gréiss,

Jean-Marie

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • admin
  • Topic Author
  • Offline
  • Administrator
  • Administrator
More
17 Apr. 2018 22:16 #5101 by admin
Wéi een Tuerm ass dëst op der Waasserbëlleger Gare?

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Wasserbillig: wat fir en Zweck hat dëst Gebai (lenks) (Photo: 9.9.1950 Roger Steffen)

Villmools Merci am Viraus fir all Info!
info@rail.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.179 seconds