- Posts: 9
rail.lu - Die Eisenbahnen in und um Luxemburg
Statioun, Block, Blockstatioun Fenteng
- Schumi
- Offline
- New Member
-
Less
More
14 Mai 2019 20:28 #5418
by Schumi
Replied by Schumi on topic Statioun, Block, Blockstatioun Fenteng
Sorry, natierlech riets vun der Bréck aus, wann ee Richtung Lëtzebuerg fiert ...
Roland
Roland
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Schumi
- Offline
- New Member
-
Less
More
- Posts: 9
14 Mai 2019 20:26 #5417
by Schumi
Replied by Schumi on topic Statioun, Block, Blockstatioun Fenteng
Déi al Fentenger Gare (mir als Geschichtsfrënn haten d'Foto erbäibruecht) huet näischt mat deem Blockwierk oder Stellwierk oder där Blockstatioun (wéi ëmmer een dat nenne wëll) ze dinn. D'Gare stung bei där 2. Bréck (vu Fenteng aus gesinn) op der Béiwenger Streck (PK 10,690) an dat Stellwierk (PK 11,607) hei soll lénks vun där Bréck PK 11,615) an der Rue Armand Rausch gestanen hunn.
Merci awer fir d'Äentwert.
Roland
Merci awer fir d'Äentwert.
Roland
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Hipp
- Offline
- Junior Member
-
Less
More
- Posts: 36
13 Mai 2019 22:08 #5416
by Hipp
Replied by Hipp on topic Statioun, Block, Blockstatioun Fenteng
War d'Blockstell an där aaler Fentenger Gare, oder war dat een separat Gebai?
D'Blockstell schingt jo laut Plang lënks vun der Streck gestaanen hun.
Op wéi enger Sait stung déi aal Fentenger Gare? Am Fong wier ët logesch wann se riets gestannen hät (op der Sait vun Fenteng)...
D'Blockstell schingt jo laut Plang lënks vun der Streck gestaanen hun.
Op wéi enger Sait stung déi aal Fentenger Gare? Am Fong wier ët logesch wann se riets gestannen hät (op der Sait vun Fenteng)...
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- BB3608
- Offline
- Junior Member
-
Less
More
- Posts: 39
13 Mai 2019 21:45 #5415
by BB3608
Replied by BB3608 on topic Statioun, Block, Blockstatioun Fenteng
Gudden Owend,
et fënnt een hei um rail.lu an der Rubrik Garen eng Foto vun der Statioun Fenteng. Se war bis den 15.10.1877 an Betrieb, sou wéi den Jean-Louis schon ugedeit huet, an se war um PK 10.690 étableiert.
Schéinen Owend
Serge
et fënnt een hei um rail.lu an der Rubrik Garen eng Foto vun der Statioun Fenteng. Se war bis den 15.10.1877 an Betrieb, sou wéi den Jean-Louis schon ugedeit huet, an se war um PK 10.690 étableiert.
Schéinen Owend
Serge
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- traindocs
- Offline
- Junior Member
-
Less
More
- Posts: 25
13 Mai 2019 14:43 #5412
by traindocs
Replied by traindocs on topic Statioun, Block, Blockstatioun Fenteng
Gudde Metteg,
genau op deer Plaaz wor vun 1860(?) bis mindestens 1878 eng Statioun.
An den Horairen vun deer Zeit taucht se op.
Si ass circa 1878 (genauen Datum weess ech net auswenneg) zu Gonschten vu Bierchem nees opgehuewe ginn.
Bescht Greiss
JL
genau op deer Plaaz wor vun 1860(?) bis mindestens 1878 eng Statioun.
An den Horairen vun deer Zeit taucht se op.
Si ass circa 1878 (genauen Datum weess ech net auswenneg) zu Gonschten vu Bierchem nees opgehuewe ginn.
Bescht Greiss
JL
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- admin
- Topic Author
- Offline
- Administrator
-
Less
More
- Posts: 122
12 Mai 2019 21:47 #5407
by admin
Statioun, Block, Blockstatioun Fenteng was created by admin
Zu Fenteng ass d’Bréck an der Rue Armand Rausch op dem PK 11,615 gewiescht (déi nei ass liicht derniewent opgeriicht ginn)
an dat Stellwierk hei soll op PK 11,607 gewiescht sinn,
also nëmmen 8 Meter méi südlech Richtung Frankräich. E puermol ass probéiert ginn een Halte do ze bauen, mee 1932 ass déi Iddi endgülteg begruewe ginn. Ech hu Problemer mat deem, wat do stung, well et ënnerscheedlech Bezeechnunge get: Statioun, Block, Blockstatioun asw. Ee Mann huet do den Déngscht verricht, mee vu wéini un gouf et déi „Statioun“ a virwat? Weess ee méi?
Merci,
Roland Schumacher
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Time to create page: 0.185 seconds