- Posts: 167
rail.lu - Die Eisenbahnen in und um Luxemburg
Dampflok "Lisa" von Govers, Grevenmacher?
- adminv15
-
- Offline
- Administrator
-
Less
More
21 Aug. 2016 16:04 #4525
by adminv15
Replied by adminv15 on topic Re: Dampflok "Lisa" von Govers, Grevenmacher?
Hei eng Info vum Ramon:
Am MNHA gët et elo e Buch iwwert d'Nei Bréck, do ass eng Koppel iwwert déi Feldbunn um Verluerekascht dran.
D'Trace ass iwwert den Blvd d'Avranches a Petruss gangen. Decauvilles Dampmaschinn:
This image is hidden for guests.
This image is hidden for guests.
This image is hidden for guests.
This image is hidden for guests.
Villmols merci!

Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Villmols merci!
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- UP3985
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 55
28 Jan. 2014 20:56 #2838
by UP3985
Knapps, ech hat just no deem enge Steebroch gesicht an dat heite fonnt:
www.eluxemburgensia.lu/webclient/DeliveryManager?application=DIRECTLINK&custom_att_2=simple_viewer&pid=1034799&search_terms=steinbruch%20verlorenkost#panel:pp|issue:1034799|article:DTL47|query:steinbruch verlorenkost
Wann een dat hei kuckt, kinnt e mengen, dat de Verluerekascht een eenzege Steebroch war.
g-o.lu/tq4cb
Ok, Dampfförderbahn kann och eppes ganz anescht sinn...logesch wär awer eng Feldbunn.
Wat d'Streck um Houwald ugeet, huelen ech un, dass se am Summerwee louch.
Déi Strooss war déi Zäit just eng Schotterpist an dem Jhangeli säi Gleis louch Stad Richtung Houwald op der lénker Säit.
Dee Steebroch am Link gouf et schonns 1907 a wann ech kucken, wat do erausgeholl gouf, ass dat e gudde Kandidat fir d'Bouneweger Ramp:
g-o.lu/e99yn
Replied by UP3985 on topic Re: Dampflok "Lisa" von Govers, Grevenmacher?
GM1800 wrote: Ginn ët Biller oder Pläng vun der Feldbunn vum Verluerekascht op de Plateau Bourbon?
Knapps, ech hat just no deem enge Steebroch gesicht an dat heite fonnt:
www.eluxemburgensia.lu/webclient/DeliveryManager?application=DIRECTLINK&custom_att_2=simple_viewer&pid=1034799&search_terms=steinbruch%20verlorenkost#panel:pp|issue:1034799|article:DTL47|query:steinbruch verlorenkost
Wann een dat hei kuckt, kinnt e mengen, dat de Verluerekascht een eenzege Steebroch war.
g-o.lu/tq4cb
Ok, Dampfförderbahn kann och eppes ganz anescht sinn...logesch wär awer eng Feldbunn.
Wat d'Streck um Houwald ugeet, huelen ech un, dass se am Summerwee louch.
Déi Strooss war déi Zäit just eng Schotterpist an dem Jhangeli säi Gleis louch Stad Richtung Houwald op der lénker Säit.
Dee Steebroch am Link gouf et schonns 1907 a wann ech kucken, wat do erausgeholl gouf, ass dat e gudde Kandidat fir d'Bouneweger Ramp:
g-o.lu/e99yn
The following user(s) said Thank You: jmo, GM1800
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- GM1800
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 64
28 Jan. 2014 15:47 - 05 Feb. 2014 21:04 #2836
by GM1800
Replied by GM1800 on topic Re: Dampflok "Lisa" von Govers, Grevenmacher?
Ginn ët Biller oder Pläng vun der Feldbunn vum Verluerekascht op de Plateau Bourbon?
Um Houwald stung deemols effectif nach nët ganz vill. Et gouf eng ganz Partie Steebrëch um Plateau Richtung Hesper.
Ech wees awer nët op een "an der gudder aaler Zait" seng Schinnen einfach esou duerch denen annere Lait hir Gromperfelder a Wise konnt leeën, mais ech hu folgendes zu dësem Thema am Buch iwert Bouneweg vum J.P. Pier fonnt:
Kuerz no Ausbroch vum 1. Weltkrich (2.8.1914) goufen d'Fundamentsarbechten fir déi geplangten nei Brëck iwert d'Eisebunn um Dernier Sol agestallt an erréischt 1927 ërem ugefang!
Dës Kéier waren Bridder Schiltz (déi och eng Maffei - Damplok gestallt haten) d'Entrepreneuren déi d'Arbechten ausgefouert hun. D'Pläng waren vum Ingenieur J.P. Lucius aus Lëtzebuerg, dee wéi een op folgender Reklam gesait och nach anner Projetën bei der Bunn hat:

Last edit: 05 Feb. 2014 21:04 by GM1800.
The following user(s) said Thank You: jmo
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- UP3985
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 55
27 Jan. 2014 19:47 #2835
by UP3985
Replied by UP3985 on topic Re: Dampflok "Lisa" von Govers, Grevenmacher?
Zu där Zäit konnten se och iwwert d'Feld fueren, do war nach net vill Houwald ze gesinn.
D' Carrière misst déi heite sinn: g-o.lu/l8dqc
Iwwregens gouf et 1901, fir d'Nei Bréck ze bauen, och eng Bunn vum Verluerekascht op de Plateau Bourbon...
D' Carrière misst déi heite sinn: g-o.lu/l8dqc
Iwwregens gouf et 1901, fir d'Nei Bréck ze bauen, och eng Bunn vum Verluerekascht op de Plateau Bourbon...
The following user(s) said Thank You: jmo
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
-
Topic Author
- Offline
- Platinum Member
-
27 Jan. 2014 15:06 - 27 Jan. 2014 17:58 #2834
by jmo
Replied by jmo on topic Re: Dampflok "Lisa" von Govers, Grevenmacher?
Et kinnt wirklech d'Firma Kugener vum Houwald/Bouneweg gewiecht sin:
Hei eng interessant Informatioun, aus dem Tageblatt vum 13.7.1914, déi ech haut vum Här Schumacher vun Fenteng geschëckt krut:
Luxemburg - Gare: Das Ende der Knochenmühle.
Die berüchtigte Unterführung am Letzten Stüber wird bald vom Boden verschwunden sein, zur großen Freude der Fuhrknechte, der Autoführer und der Passanten, die in diesem gefährlichen Engpass beständig in Lebensgefahr schwebten. Der Unternehmer Kugener aus Bonneweg hat auf der Diedenhofenerstrasse eine lange Feldbahn bis zu seinen Steinbrüchen auf dem Howald gelegt, um rasch und bequem die Erd- und Steinmassen, ca. 35 000 Kubikmeter, zur Auffüllung der Unterführung und zur Herstellung der Zufahrtsrampen für die neue Brücke über die Eisenbahn herbeischaffen zu können. Es wird also ernst mit dem Bau der neuen Überführung, die eine jeweilige Aenderung des Landschaftsbildes und einen großen Aufschwung des südlichen Teiles unserer Ortschaft herbeiführen wird. Es verlautet, dass die alte Brücke für den Verkehr sofort gesperrt wird und dass nur der Durchlass für die Sekundärbahn nach Remich provisorisch offen bleibt. Das Mauerwerk soll nicht mehr intakt sein, da es durch den intensiven Zugverkehr erschüttert ist. Wie dem auch sei, niemand wird das Verschwinden dieser Knochenmühle bedauern, die in ihrer schmierigen, schmutzigen, aller Ästhetik hohnsprechenden Gestalt die ganze Gegend verunzierte, den Verkehr hemmte und erschwerte und viele Menschen zu Tode quetschte
(t: 13.7.1914)
D'Knachemillen war d'Ennerféierung um Dernier Sol fir vun der Stater Gare op Bouneweg / Houwald ze kommen, westlëch vun der aktueller Brëck, a Richtung Paul Wurth.
Déi Informatioun erklärt vleicht och firwat d'Firma Kugener 1914 eng Damplok gestallt hat. Déi Feldbunnstreck muss jo dann parallel mat der Jangelisstreck gange sin. Vleicht fanne mer och hei vunner nach Pläng oder esouguer Fotoen.
Bis geschwenn,
Jean-Marie

Last edit: 27 Jan. 2014 17:58 by jmo.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- lucthebauer
- Offline
- New Member
-
Less
More
- Posts: 9
14 Jan. 2014 17:29 #2806
by lucthebauer
Replied by lucthebauer on topic Re: Dampflok "Lisa" von Govers, Grevenmacher?
Kann daat net desen Kugener gewierscht sin:
www.industrie.lu/CarriereKugenerHowald.html
Deen haat och nach een Steenbroch zu Mamer. Do fennt een eng Annonce aus dem Joer 1915 aus dem Wort wou en Aarbechter gesicht huet.
www.industrie.lu/CarriereKugenerHowald.html
Deen haat och nach een Steenbroch zu Mamer. Do fennt een eng Annonce aus dem Joer 1915 aus dem Wort wou en Aarbechter gesicht huet.
The following user(s) said Thank You: jmo
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
-
Topic Author
- Offline
- Platinum Member
-
14 Jan. 2014 16:53 - 15 Jan. 2014 12:33 #2805
by jmo
Replied by jmo on topic Re: Dampflok "Lisa" von Govers, Grevenmacher?
An der Liwerlëscht vu Maffei vum Jens Merte hun ech fir Lëtzebuerg folgend Damploken fonnt:
Vun der Spurwait hier kinnt ët eng vun den 2 éischte Loken sin, ët kann natirlech och eng Occasioun aus dem Ausland gewierscht sin.
D'Firma Schiltz frères war och am Eisebunnsstreckebau aktiv, an huet ënner annerem d'Streck Grondhaff - Befort, den Alzenger- Tunnel gebaut. Hei een Dampbagger vun Schiltz frères:
This image is hidden for guests.
Iwert d'Firma Kugener, Luxemburg hun ech leider keng Informatiounen.
- Fabriknummer 2838 1908 TL - 40 PS B-n2t 600 mm neu Arthur Koppel, Berlin, für Schiltz frères, Luxemburg
- Fabriknummer 3713 1914 Bt 600 mm neu Gebr. Eichelgrün, für Kugener, Luxemburg
- Fabriknummer 4125 1920 Bt 750 mm neu Hü, für Luxemburg-Bodenbacher E., Concordiaschacht /19xx Arthur Seifert, Hopewell Junction, New York [USA] (600 mm)
Vun der Spurwait hier kinnt ët eng vun den 2 éischte Loken sin, ët kann natirlech och eng Occasioun aus dem Ausland gewierscht sin.
D'Firma Schiltz frères war och am Eisebunnsstreckebau aktiv, an huet ënner annerem d'Streck Grondhaff - Befort, den Alzenger- Tunnel gebaut. Hei een Dampbagger vun Schiltz frères:
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Iwert d'Firma Kugener, Luxemburg hun ech leider keng Informatiounen.
Last edit: 15 Jan. 2014 12:33 by jmo.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- adminv15
-
- Offline
- Administrator
-
Less
More
- Posts: 167
13 Jan. 2014 15:05 #2802
by adminv15
Replied by adminv15 on topic Re: Dampflok "Lisa" von Govers, Grevenmacher?
Vum Frankfurter Feldbahnmuseum krute mer d'Info, dat ët sëch ëm eng 40PS Bn2t Maffei-Damplok vu ca. 1910 handelt,
Hei ass ee Bild vun enger ähnlëcher 30 PS - Maffei-Dampflok vun der Schinznacher Baumschulbahn:
This image is hidden for guests.
Villmols merci fir dës Info! Vleicht fanne mer elo nach méih iwert déi Lok eraus!
Hei ass ee Bild vun enger ähnlëcher 30 PS - Maffei-Dampflok vun der Schinznacher Baumschulbahn:
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Villmols merci fir dës Info! Vleicht fanne mer elo nach méih iwert déi Lok eraus!
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
-
Topic Author
- Offline
- Platinum Member
-
10 Jan. 2014 21:23 - 11 Jan. 2014 10:49 #2795
by jmo
Dampflok "Lisa" von Govers, Grevenmacher? was created by jmo
Mir sichen Informatiounen iwert folgend Damplok déi anscheinend bei der Firma Govers zu Gréiwemacher agesat gouf:
This image is hidden for guests.
Op der Kabin vun der Lok steht "Lisa".
Wou gouf dës Foto gemach? zu Gréiwemacher? Am Hannergronn sin 2 impressionnant Beem (Eechen?) ze erkennen, déi vleicht och op annere Fotoën ze gesin sin.
Ass dës Damplok och well op annere Fotoën opgetaucht?
Wéi ee Fabrikat ass dës Damplok?
Zu Gréiwemacher gouf ët mol eng Firma Albert Govers - Steffen déi Dolomitiewen a Steebrëch hat:
This image is hidden for guests.
Spéider (ëm 1921) goufen déi Dolomitiewen vu Chauxdolux iwerhol. Chaudolux hat ëm 1941 een Deutz Lokotrakter mat 60 cm Spurwait (Feldbunn).
Villmols merci am Viraus fir all Hëllef!
bis geschwenn,

Last edit: 11 Jan. 2014 10:49 by jmo.
The following user(s) said Thank You: mopsfidels
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
Time to create page: 0.200 seconds