IC16/34 Luxembourg - Bruxelles - Quels matériaux ferroviaires

More
19 Nov. 2018 09:36 #5314 by gilyv051

René wrote: E belsche Kolleg huet mir emol gesot datt di belsch Dostoën och um belsche Reseau kéng Zoulossung ënner 25 kV 50 Hz hätten.

Dat ass sou net richteg. D'M6 goufen a ginn an der Belsch ënner 25kV agesat.

Zum engen goufen se als Sandwich bei Antwerpen agesat fir d'LGV fir an Holland um belsche Steck ze bedengen. ( www.flickr.com/photos/42727718@N04/31503275728 )
Haut fueren hei Desiro Motricen amplatz.

Donierft gett et sait e puer Joer eng Serie M6 di fir 200km/h opgerescht goufen an di an de Roulementer vum IC A Oostende-Eupen matleeft an doweinst och enner 25kV op der LGV Leuven-Ans an den Asaz kennt. Ze erkennen sinn di Ween un enger groer 200 hannert dem B Logo.
( www.flickr.com/photos/42727718@N04/31503275728 )

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
18 Nov. 2018 22:58 #5313 by Philippe Wirion
Ah sou?! Majo villmols Merci fier d'Info. Jo dat keint ech ma gut fierstellen. Da missten se nach eng Keier Tesfahrten um CFL Réseau machen.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
18 Nov. 2018 17:17 #5311 by René
E belsche Kolleg huet mir emol gesot datt di belsch Dostoën och um belsche Reseau kéng Zoulossung ënner 25 kV 50 Hz hätten.

Dat wier ongeféier esou wéi mat der Tri-Courant - Série 36000 vun der SNCF. Déi hätten och nëmmen eng Autorisatioun ënner 3 kV bei der SNCB, ergo wiere si och net op der Athus - Meuse erlaabt.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
15 Nov. 2018 19:23 #5309 by Philippe Wirion
Ah ok, ma ech mengen dei kommen net mei, well ech hun se bis elo na net gesin. Et kann en zwar zu Arel alt mol op eng M6 rame emklammen, mais et fiert awer keng mei op Lëtzebuerg. Ech weilt zwar wessen fierwat?!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • marv91
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
15 Nov. 2018 18:11 #5308 by marv91
Sorry, méi Feeler. Ech mengen M6 (Dostoen) a net I6.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
14 Nov. 2018 19:22 #5304 by Philippe Wirion
Der sin der awer nach drun, well ech gesin dei awer all Dach. Ech hun haut och zwou IC Ramen gesin wou der drun waren.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • marv91
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
14 Nov. 2018 14:22 #5303 by marv91
Also. I6 hunn ech dës Lescht keng méi gesinn.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
12 Nov. 2018 10:30 #5294 by roadrunner
Virun e puer Wochen war ech op der Gare an hun do grad en IC fir op Bréissel gesin, deen mat Dosto + 3000 CFL gefuer ass. Also mat chgt zu Aarel.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
The following user(s) said Thank You: marv91

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • marv91
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
09 Nov. 2018 21:50 #5289 by marv91
I6 sinn net schlecht wann se klimatiséiert sinn. Mee wann dir I6 op den IC Lëck - Lëtzebuerg ukuckt, also definitiv reffeg, knaschteg a stenken wéi d'Hell.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
09 Nov. 2018 21:42 #5288 by Philippe Wirion
Ech fannen di Ramen perseinlech ganz cool, well et eng Meschung zweschen I6, I10 an I11 sin. I10 hun ech perseinlech ganz geren. I6 sin och flott well se Kompartimenter hun wat eppes anechters ass wat e gewinnt ass.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
09 Nov. 2018 21:38 #5287 by Philippe Wirion
Et ass esou:
Et fueren ganz vill 1300 mat 6 ramen: Op all rame sin nomalerweis emmer 2I6 an I10 sou wei och eng I11 voiture+en I11 Steierwonn.
Di mechten Zich fueren direkt op Breissel an bei verschiddenen muss en zu Arel emsteigen op eng AM96 oder op eng M6 rame. Heinsdo fueren och Dostoen mat enger 3000 als IC bis op Arel wou en dann emsteigen muss.

Ech hun och e puer Fotoen a video dei ech heichlueden keint bei interesse.

Mat bechten Greiss

Philippe

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • marv91
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
09 Nov. 2018 21:38 #5286 by marv91
Hi,

Wann et nemmen I11 oder M6 wieren, da wier et voll OK. Mee I10 .... sorry dat ass en enormen Rëckschrëtt mee typesch belsch

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • marv91
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
08 Nov. 2018 19:54 #5282 by marv91
Moien,

Wéi e Material gett aktuell als "Remplacement" op den IC-Ziich zweschen Bréissel a Lëtzebuerg agesat.
Ech gesinn aktuell nëmmen I6 a mat 1-2 I11 + Steierkapp I11.

MbG.

Quels matériaux sont actuellement employés pour assurer les trains IC 16/34 entre Luxembourg et Bruxelles ?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.222 seconds