3021 vum Modelshop

More
05 Nov. 2012 21:13 #1732 by Max_goedert
Replied by Max_goedert on topic Re: 3021 vum Modelshop
Ech fannen d' 3000er gutt wei se lo sinn, wann all zuch an all lok dei nemlescht faarw huet gett daat ganzt och sou lues langweileg. Ok d' corporate identity, se geseit net mei aus wei eng belsch lok mee wei eng deitsch.
Net all zuch geseit rout-weiss perfekt aus, bei d' z2en ging daat jo mol guer net passen obwuel et bei d' 2200er perfekt passt.

Max

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
25 Okt. 2012 21:20 #1708 by Aldo
Replied by Aldo on topic Aw: Re: 3021 vum Modelshop
Ech hun fier meng Gleichstromversioun 195 Euro ginn.

Ech confirméieren och daat waat den Initsch seet, den dooten Design ass esou oder esou ähnlech an der Diskussioun, dest zwecks Unpassung un d'Corporate ID.

Et ass awer nach keng Décisioun gefall an et kann och sinn daat alles beim aalen bleiwt an guer keen Changement kennt. Mais et ass net nemmen een rengt Hirngespinst mais schons eppes waat am Moment zumindest diskutéiert get.

waat an wann iewerhaapt draus get werten mer dann gesinn.

Fier allen Diskussiounen aus den Feiss ze goen ass fier den Modell dann den fiktiven Nummer gewielt ginn. Ech hun se hei stoen an muss soen daat se an mengen Aaen ganz gelongen ass an och unsprecht.

Daat eenzegt waat mech nervt an waat dem scheinen Modell een bessen den "Glanz" héllt ass den Design by Modelshop Schreftzuch. Den passt elo net wierklech an trübt een bessen den Gesamtandrock...an einfach ewechmachen (maat den enstpriechenden Produiten wei LUX an Co) ass hei och net...also mussen mer mat dem Schreftzuch liewen.

Mais insgesamt een scheinen an gelongen Modell an wien wess? Vielleicht och iergendwann am 1 zu 1

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
25 Okt. 2012 17:22 #1707 by luxtrain
Replied by luxtrain on topic Re: 3021 vum Modelshop
N'owend,

Hatt mech gefreht eng nei 3000 ze kaffen,,,,,,, awer eng richtig, wei mir se kennen.

Eng 3000 am ModelShop Design. Also ech verstinn den Zweck net. :unsure: :(

Musse mir elo schons Loken "erfannen" ? Also wei gesoht, ech verstinn ModelShop net. :(

Scheinen Owend

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
25 Okt. 2012 16:14 #1705 by Robbes
Replied by Robbes on topic Aw: Re: Aw: 3021 vum Modelshop
N'Owend,

Ech fannen deen Design do och ganz flott. Déi giel Grëffer iwwer de Pufferen missten awer och nach roud ugestrach gin. Dat gielt passt nett esou richteg derbei.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Initsch
  • Topic Author
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
More
25 Okt. 2012 14:56 #1704 by Initsch
Replied by Initsch on topic Aw: Re: Aw: 3021 vum Modelshop
Bonjuer,

Affaire du goût, wei bei esou villem. Ech fannen se gesait gudd aus. Den Präis ass fir en limiteierten Sondermodell mat 225€ ganz sozial

MbG
The following user(s) said Thank You: HSB_99_6001

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
25 Okt. 2012 05:04 #1695 by DenTuteBatti
Replied by DenTuteBatti on topic Re: Aw: 3021 vum Modelshop

!!RH!! wrote: Schued dass mer net den 1ten Abrëll sin. - Déen hätt garanteiert gerappt!! :lol: :silly:

Allerdings muss ech soen dass déen doten Schema , esou gerooden en fier d'4000er ass, menger Méenung no net gudd bei d'3000 passt. Et hätt haaptsächlech de Vierdéel dass éen sech vun der Belsch distanzeiert.

@+

Gesait super aus fannen ech.
DTB

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
25 Okt. 2012 04:57 #1694 by Jos K
Replied by Jos K on topic Re: Aw: 3021 vum Modelshop
Op där enger Sait fannen ech ech flott wann d'Maschinen all déi selwecht Corporate Identity hun, op där annerer fannen ech d'3000er an der aaler Farw méih frëndlëch. Dat gielt un der Front dréiht zur Sëcherheet bai, well d'Lok vu méih wait ze gesi ass.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
24 Okt. 2012 19:35 #1691 by !!RH!!
Replied by !!RH!! on topic Aw: 3021 vum Modelshop
Schued dass mer net den 1ten Abrëll sin. - Déen hätt garanteiert gerappt!! :lol: :silly:

Allerdings muss ech soen dass déen doten Schema , esou gerooden en fier d'4000er ass, menger Méenung no net gudd bei d'3000 passt. Et hätt haaptsächlech de Vierdéel dass éen sech vun der Belsch distanzeiert.

@+

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • CFL1800Loks
  • Offline
  • Platinum Member
  • Platinum Member
  • CFL 1800 Simply the Best :-))
More
24 Okt. 2012 19:10 #1687 by CFL1800Loks
Replied by CFL1800Loks on topic Aw: 3021 vum Modelshop
Nowend,

dei Maschinn geseit deck flott aus. :) Wei ass den Präis dovunner?

Ech sichen eng 3000er esou eng wei am Hannergrond op der Foto ze gesin ass. :)

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Initsch
  • Topic Author
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
More
24 Okt. 2012 18:22 - 24 Okt. 2012 18:24 #1684 by Initsch
3021 vum Modelshop was created by Initsch
Salut,

Wonnert mech dass nach keen hei eppes iwwert den neien, limitéierten Modell vum Modelshop geschriwwen huet?

D'Läscht Woch ass en rauskomm, et handelt sech em eng bessen méi Speziell 3000'er. An zwar ass et eng Designstudie, se ass nämlech roud, sou ewei d'4000'er. Den Designass eng reng Modelshop Produktioun, mee anscheinend kennt den Design awer net vun ongefeier. Daat wier wirklech am Gespreich?

Den Modell selwer ass vun LS, d'Maschinn dréit dei fiktiv Nummer 3021, an ass am DC an AC gebaut ginn. Série limité op 100. Ech hun eng dovunn :-D

Hei nach 2 Iphone Fotoen dervun ;-)

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


MbG
Last edit: 24 Okt. 2012 18:24 by Initsch.
The following user(s) said Thank You: CFL1800Loks

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.202 seconds