Geléist: CFL Voiture C9vf 3258 wou ? An der Stad

More
06 Dec 2015 17:25 - 06 Dec 2015 17:26 #4100 by jmo
Hei sin déi défintif Beweiser vum Ramon Pelles, dat d'Foto vun der Voiture nët zu Klengbetten (esou ewéi hannen drop stung), mais um Site vun der aktueller CFL-Direktioun op der Stater Gare gemach gouf:

Eng Loftopnahm vun 1951 weist d'Richtung an déi d'Foto gemach gouf:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Op der Foto aus "Eisenbahnen in Luxemburg Band 1" vum Ed Federmeyer Säit 498 uewen ass dat selwecht Gebai ewéi op der Voituresfoto drop.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


De Waassertuerm stoung op dem Bild mat der Voiture C9vf 3258 nach net.

Villmols merci!
Last edit: 06 Dec 2015 17:26 by jmo.
The following user(s) said Thank You: Gilles, Louis R

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
06 Dec 2015 08:49 - 06 Dec 2015 14:47 #4099 by jmo
Ech hat och am Ufank geduercht d'Foto wier an der Géigend vu Luxembourg-Nord gemach gin, mais misst een do nët d'Rotonden vis-à-vis gesin, oder ass riets d'Enn vun dem Gebai ze gesin wat lënks vun der Rotonde 2 stung?

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Gin ët Fotoën vun dem Eck aus där Zait?

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


hei een Extrait vun engem Plang vun 1940 aus "Eisenbahnen in Luxemburg Band 1" vum Ed Federmeyer
Last edit: 06 Dec 2015 14:47 by jmo.
The following user(s) said Thank You: Louis R

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
05 Dec 2015 19:41 - 05 Dec 2015 19:55 #4098 by UP3985
Nix Wurth, mä genau do:
goo.gl/maps/gmYPScNm5SP2
Dat kannst de nit méi mat haut vergläichen.
Last edit: 05 Dec 2015 19:55 by UP3985.
The following user(s) said Thank You: Louis R

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
05 Dec 2015 08:59 - 05 Dec 2015 09:01 #4095 by Louis R
Ass dat vis-à-vis vu Paul Wurth, an der rue d'Alsace? Wéi een héicht Gebai ass dann op där Foto ze gesin?

Villmols merci fir all Info!
Last edit: 05 Dec 2015 09:01 by Louis R.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
04 Dec 2015 21:28 #4093 by UP3985
Aalen Haff vun der Stater Gare...do wou haut de Silo steht.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
04 Dec 2015 06:08 - 05 Dec 2015 09:37 #4090 by jmo
Op der 3ter Foto steet mol Kleinbettingen hannen drop, mais ech ka mer datt och nët esou richteg virstellen. Op denen 2 éischten steet 46 mam Blaistëft geschriwen hannen drop, kinnt dat d'Joër sin, oder ass ët d'Filmnummer? Ech huelen un dat déi 4 Fotoën de selwechten Dag gehol goufen. Villmols merci am Viraus fir all Tipp!

Hei sin nach e puer Scans vun Detailler vun dëse Fotoën:

Hei gesait een d'Gleisanlagen am Hannergrond + Gebaier:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Lënks een Här mat enger Visiteurskaap (2 gekréizten Himmer + CFL + 2 gekréizten Himmer), riets de Gustave Weis). Dëst ass e flott Beispill fir d' rail.lu-Eisebunner-Uniforme-Sait . All weider Fotoën vun Eisebunner-Uniformen, Kaapen, Knäpp etc + Erklärungen dozou si wëllkomm!
Last edit: 05 Dec 2015 09:37 by adminv15.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
03 Dec 2015 16:01 #4089 by GM1800
Ech gesin nët esou richteg wou dat do zu Klengbetten kinnt sin. Zu Klengbetten sin d'Gleiser am Gareberaich jo awer all parallel gelaaf, oder? D'Gleis wou d'Voiture drop stet (een iwerdachten Quai?) sching perpendiculär zum Gleis am Honnergrond ze laafen...
Ass ët méiglech eng Vergréisserung vu verschiddenen Détailer ze kréien: d'Haiser am Hannergrond, d'Kaapen vun den Eisebunner (se schingen 2 verschidden Logoën op hirer Kaap ze hun)

Villmols merci!

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • adminv15
  • Topic Author
  • Offline
  • Administrator
  • Administrator
More
02 Dec 2015 21:57 - 04 Dec 2015 06:39 #4088 by adminv15
Wou goufen folgend Fotoën vun der CFL Voiture C9vf 3258 gemach? Klengbetten?

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


(Foto collection: Carlo Weis)
Last edit: 04 Dec 2015 06:39 by adminv15.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.193 seconds