Kokszich 1970er Joren

More
14 Jan 2024 11:34 - 14 Jan 2024 15:07 #5987 by René
Replied by René on topic Kokszich 1970er Joren
Kokszich mat enger 1600er woren éischter seelen.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Dës Plaz gëtt et och elo net méi esou an dëser Form. Dës Foto gouf um fréieren Pn 90 tëschend Näerzeng a Schëffleng gemaach. Vir am Bild ass d'Verbindungskurv Scheierbësch - Brucherbierg. Haut ass op dëser Plaz di rout Bréck vun der A13 iwwer d'Eisebunn; d'Gleisbild huet sech och geännert, well de Weicheberäich vu Schëffleng a Richtung Käl och verluecht gouf.
Last edit: 14 Jan 2024 15:07 by admin.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • MAB
  • Topic Author
  • Offline
  • Junior Member
  • Junior Member
More
09 Dec 2023 00:30 - 09 Dec 2023 00:30 #5986 by MAB
Replied by MAB on topic Kokszich 1970er Joren
Merci!
Flott Foto – lénks mam Gleis fir déi belsch 3000-V-Lokomotiv.
Last edit: 09 Dec 2023 00:30 by MAB.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
03 Dec 2023 09:41 #5984 by René
Replied by René on topic Kokszich 1970er Joren
1977 sinn och nach E - Won an de Kokszich gelaf.
Dës Foto ass dat Joer vum Poste manoeuvre op der Nordsäit vun der Gare Lëtzebuerg gemaach ginn.
Haut ass alles Vergaangenheet, d'Nordsäit, d'Kokszich, den 1800er - Diesel.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • MAB
  • Topic Author
  • Offline
  • Junior Member
  • Junior Member
More
08 Oct 2023 10:09 #5983 by MAB
Replied by MAB on topic Kokszich 1970er Joren
Merci fir d'Äntwert!

LG, Mike

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
06 Oct 2023 18:31 #5982 by RV
Replied by RV on topic Kokszich 1970er Joren
Menger Erennerung no waren et Ramen vun normalerweis 33 Won vun den DB-Typen Fad 167 an Fads 175 (speider bezeechent als Fal 167 an Fals 175). Vmax war bis zum Schluss bei beluedenen an eidelen Ramen 65 km/h. D'Charge vun den Zich war ca. 1750 Tonnen.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • MAB
  • Topic Author
  • Offline
  • Junior Member
  • Junior Member
More
30 Sep 2023 22:23 #5979 by MAB
Kokszich 1970er Joren was created by MAB
Gudden Owend,
An den 70er Joren hunn ech als klengt Kand vu menger Groussmamm hirem Haus op d'Kokszich gesinn, déi vun Dummeldeng an d'Stater Gare gefuer sinn. Wéi eng däitsch Ween kënnen dat gewiescht sinn? OOtz41 (Fad-155)?
Merci am Viraus!
Mike

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.178 seconds