Streck Klengbetten - Stengefort

More
03 Apr 2013 06:41 - 03 Apr 2013 17:38 #2092 by Realist
Replied by Realist on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Gudden Moien

Ech hun mech den Moien opp der richteger Plaatz informéiert an kruet vun den CFL gesoot , daat Luxconnect amgaang ass opp der Streck Klengbetten Stengefort , Lichtfaserkabelen fir den Telefon ,Internet asw. an Canniveauen (Betons Kabelkanäl) vun den CFL ze léen . Gläichzäiteg profitéiert dann och CFL dovunner fir verschiden Telefonskabelen opp der doter Streck ze erneieren .
Also déi Streck gët nach esou baal nët ofgeschaaf , an daat ass gut esou.
Last edit: 03 Apr 2013 17:38 by Realist.
The following user(s) said Thank You: HSB_99_6001

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
02 Apr 2013 20:09 #2091 by Initsch
Replied by Initsch on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Bonjuer,

sinn den metten laafen gaangen, an sinn do suwuel laascht d'Gare vun Hoen, esou wéi iwwert Barriere tëscht Stengefort a Klengbetten gelaaf.

zu Hoen stoung op den Gleiser sou een Weenchen deen en Schinnebagger virun oder hannert sech zitt, sou wei nei Kabelkanäl.

Genau sou op där Barriere, do gesait een en Steck Kabel Kanal deen nei verluecht ass.

MbG

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
02 Apr 2013 19:44 #2090 by Marcelcfl
Replied by Marcelcfl on topic Streck Klengbetten - Stengefort
gudden ovend et wir eng gans gut sach wann dei aal streck klengbetten-stengefort erem op geif goen lol me mat waat geif cfl dei streck fueren dann ? et muss eppes sin waat mat diesel geet also wei en trabi den letzebuerg -klengbetten an dann op stengefort geif fueren an erem zreck ech hun mir soen gelos das den sales den tour bascharage-kentzeg ewech krut an elo ab dem 1 mai den tice den tour am 15 min takt geif fueren

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
02 Apr 2013 15:23 #2088 by 34-19029
Replied by 34-19029 on topic Streck Klengbetten - Stengefort
-ad CFL selwer eppes maachen: fir op Remeléng ass d'Stréck do. Wat mecht d'CFL doraus ? Fueren nemmen nach "Pilotenausbildung".
-ad FLEAA treppelt e Piedchen bei d'Politk: cf. Fingig/Clemency Linn 333 an 335 si komm an awer keen TICE. Lo hunn d'Leit resp. de meco reklaméiert an da kënnt e beemol fir den 1.Mee den TICE 15 awer. Lo so nach e mär beim Aféire vun der Linn 333 hät keen privaten Busentreprener d'Fanger am Spill gehat.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
02 Apr 2013 11:23 #2087 by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Dat do ass eng typesch Politikerausried, fir ze soen, et huet nach keen dat gefrot. Aner Saache gi vun der Politik gemaach, ouni dass dat grouss gefrot gouf, an et ginn esouguer politesch Décisioune géint de Wëlle vum Vollék geholl.

Wann d'Politiker e bëssche Phantasie hätten, géife se eppes aus der Streck Stengefort-Klengbette maachen. Et kënnt e Complément zum Bus sinn, eng Zort "Navette rapide" op der Schinn tëschent Stengefort a Lëtzebuerg.

Vläicht misst eis Eisebunnsgesellschaft e bëssche méi aktiv ginn an Drock maachen, oder op d'mannst emol de Wëllen äusseren, déi Streck ze reaktivéieren. Et verlaangt just e bëssche Courage. Et ka jo kengem Mënsch an der Direktioun e Leed geschéien, wann hien eng gutt Iddi äussert.

Sou hunn ech nämlech d'Gefill, wéi wann déi privat Autobusentreprisen e Piedche bei de Minister trëppelen, wougéint d'CFL sech drop beschränkt, hire Réseau ze verwalten.

Déi Privat expandéieren, wougéint d'CFL zénter hirer Grëndung am Joer 1946 vill ofgebaut huet.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
02 Apr 2013 06:50 #2085 by liecam
Replied by liecam on topic Streck Klengbetten - Stengefort
ech hunn emol mat engem ganz heichgestallte politiker die streck ugescwaat, de soot" huet schon een daat gefroot? " neen, krutt ech du gesoot. wa ke mensch sech äussert fir daat a betrieb ze huielen,wärt och leider neischt gescheien.et gi jo vill eisebunnsferventen hei am land, firwaat net matt all ddene leit emol zesummenzekommen? ech , deenkeng geleenheet ausgeloos huet, vir doriwer ze schwätzen bei leit, dei politesch schon e poids hunn, sinn als nostalgiker dohi gestallt ginn.
The following user(s) said Thank You: Claude Oswald

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
01 Apr 2013 20:17 #2084 by Marcelcfl
Replied by Marcelcfl on topic Streck Klengbetten - Stengefort
gudden ovend ech geif et flot fannen wann klengbetten stengefort erem eppes geif rullen am stonen takt oder sou .me steck as net an engem gudden zou stand mir sin schon mat dem 1030 oder mam 1000 oder mat der mak fum spietzke mat voon dohin gefuer wei zu klengbetten -l bartreng oder dummeldeng chantier war et get me mat firsicht ze geneisen .sie as elo en deel zou fun klengbetten fort bis bei den 1 pn an do as et eriwer . me dei anner froo as wann do elo alles nei gemach geif gin mat waat fir engem material geifen mir dohiner fuern op stengefort ??? wann dann emol mat diesel betrieb dildoen sin fort dann eichter mat engem vt 628-928 me mir hun just 2 an dei fuern mechtens an deitschland ronderem .an ech wess net op db eis geif trabien geifen gin fir letzebuerg klengbetten op gleis 11 an do dann op stengefort ze fueren an er ze zreck . eng mak mat 1-2 dostoen geif och net gut ausgesin lol.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
01 Apr 2013 18:28 #2081 by mopsfidels
Replied by mopsfidels on topic Streck Klengbetten - Stengefort
wat schwetzt géint eng Eröffnung vun däer Trace? Et sin "nëmmen" 2 Kilomter schlussendelech, misst net sou deier sin? An Demande wier sécherlech do... ? D'Leit vun Hoën giffen dann och dovun profitéieren, Schinnen leien do laanscht.
Dauert méi schnell mam Zug als mam Bus moies am Beruffstraffic.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
31 Mar 2013 19:19 - 31 Mar 2013 19:20 #2073 by br.eli
Replied by br.eli on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Also d' Busslinn 222 wear lo nit dat wat d'eröffnung vun deser streck géing verhenneren,
well déi op de Kierchbierg fiert. :)
Last edit: 31 Mar 2013 19:20 by br.eli.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
31 Mar 2013 09:09 #2072 by liecam
Replied by liecam on topic Streck Klengbetten - Stengefort
an der freier gare exterieure , wou elo de parking ass, ginn oder sinn kanalrier gelucht ginn, informatiounen vun stengforter anraieren no.
d'plangen an d'illusiounen vun der streck gett et, seit de btb sollt entstoen.leider , muss ech och als verwennt vun deser streck soen, ass de bus 222 de favorit. meiglech misst et sinn, fir d'streck esou an d'reih ze brengen, dass weinestens en historischen autorail kennt bis virun de p.n kennt furen. am ausland do sinn dank der interventioun vun organisatiounen, dei der eisebunn no stinn erem strecken fir de persounenverkeier opgemacht ginn.wann d'politik seet, et wär kengt demande do fir des streck erem nees opzemaaachen. solidariteit vu menschen kennt villes bewierken, och an desem fall.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
30 Mar 2013 17:23 #2071 by Realist
Replied by Realist on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Wann mer kënnen en Zuch vun Diekrech opp Ëttelbreck fueren loossen , dann kënnen mer och een vun Stengefort opp Klengbetten an dann an Stadt fueren loseen , ët läit ëmmer dorunner wéiviel Leit do matfueren , egal opp daat fënnef oder zwee km sin . Eng Eisebunnsstréck kann 100 km laang sin wann keen Mënsch matfiert huet se keen Wert . Wann genuch Leit vun Stengefort bis an Stadt géiffen matfueren , an dofir muss d'Offer stëmmen , ass ët ganz egal opp daat zwee oder fënnef km sin ,wëll ët geet jo zu Klengbetten nach virun bis an Stadt. An ween seet dann daat zu Stengefort ëmmer muss Schluss sin , dann kann och nach weider vun do ausgebaut gin , mee wann Schinen bis fort sin ass daat nët méi méiglech. Loossen mer awer elo emol oofwaarden waat den CFL mat der Stréck wëlles huet an wéi eng Arberchten do gemaach oder gemaach si gin.
Wann awer emol do geschaft gët ass daat keen Zeechen daat se an absehbarer Zäit oofgeschaaf gët , an daat ass gut esou.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Gaffinet
  • Topic Author
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
More
30 Mar 2013 16:43 #2069 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Streck Klengbetten - Stengefort
fun Stengefort op klengbetten wieren et mam zuch 2 km, mei net, an daat huet guer keen wert. An fier d Bunn renteiert sech daat net. Kautenbach - Wolz sin zirka 10 km daat ass eng aaner Saach, an Ettelbreck dikrech sin sou 5 km daat geht nach fier den Eisebunnstransport. Mais 2 km sinn definitif ze weineg.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
30 Mar 2013 16:31 #2068 by Realist
Replied by Realist on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Mat deem Argument fir opp der Eisenbunnstrace Klengbetten Stengefort eng Vélospiste unzeleeen , kënnen mer och Schinen zwëschen Ettelbréck an Dikrech , an zwëschen Kautenbach an Woltz erausrappen , (och wann do Lycéeen sin , en Bus géing daat jo och maachen oder nët ?), an do och eng Vélospiste draus maachen. Virwaat nët vu Stengefort iwer Klengbetten erëm en Persounenzouch an Stad fueren lossen , zu Stengefort en Oppfangparking fir d'Belsch Grenzgänger ageriecht , méi einfach geet ët nët. Schinen erausrappen an eng Vélospiste draus maachen ,der Beispiller hun mer jo genug hei zu Lëtzebuerg , ech géif mengen ët géif elo duergoen domader , wann Schinen eng Kéier fort sin kommen se nie méi erëm . Vun Bissen iwer Ettelbréck opp Diekrech gin ech jo och esou Iwerleeungen , Persounenverkéier do erëm fueren ze loossen. Ech fueren och gären mam Vélo , dofir musse mer awer nët eng bestehend Eisebunnsstreck oofschaafen , och nët fir Touristen , wéi gesoot : Wann Schinen eng kéier fort sin ........ Daat as elo meng perséinlech Meenung , mee als een deen nach selwer mam Zuch iwert Attertstréck gefuer ass an deen baal 40 Joer bäi den CFL geschafft huet wees ech vun waat ech schreiwen. Wann mer der Eisebunn keng Chance gin brauchen mer ons duerno nët ze wonneren wann op eemol keng méi do ass. Ët geet hei nët drëms fir per force 2 km Schinn ze retten , ët geet ëm Verlagerung vum Verkéier vun der Strooss opp d'Schinn , wann eng Regierung an eng EU daat wëlles huet(soen se jo an schéinen Sonndesrieden) dann däerff hei am Land keen Meter Schinn méi erausgerapt gin ,wëll sos ass daat Ganzt den Pabeier nët wäert opp deem daat droppsteet.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Gaffinet
  • Topic Author
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
More
30 Mar 2013 14:00 #2067 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Dei Streck ass nemmen fleid 2km laang fun klengbetten op Stengefort. Do huet Persounenzuchverkeier keen wert. Freier konnt een jo fun Peiteng op Ettelbreck fuern, mais do ass haut deelweis velospist an deelweis d Trasse iwwerbaut. Et wier besser d Gleiser Rauszerappen an do wou elo na Gleiser leien velospist ze maan fier touristen.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
30 Mar 2013 08:16 #2066 by Realist
Replied by Realist on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Guden Moien

Ech wollt gëschter bäim Service IF (Installations Fixes) vun den CFL nofroen waat ët mat deenen Arbechten opp der Zuchstréck Klengbetteng Stengefort opp sech huet. Leider wor keen ze errechen , ech probéieren ët awer nach eng kéier déi nächst Woch. Wann een awer seet ët géif en Busverkéier do gin an dofir bräicht déi Stréck nët reaktiviéiert ze gin , muss een wëssen daat Ëmweltorganisatioun EEA festgestallt huet daat Lëtzebuerg eng mat vun deenen hëchsten Loftverschmotzungen an ganz Europa huet , daat Werter vun den Stickoxiden 63% iwer deenen erlapten Werter an der EU leien , an Lëtzebuerg domader un der absoluter Spëtz an Europa léit. An aus deem Grond mécht an reaktivéierung vun enger Zuchstréck ëmmer Sënn , wëll sos kéinte mer jo iwerall Busser fueren lossen, an Zuchstrecken zoumachen , waat jo mat der Nordstreck an den 70er Joeren baal geschit wier . An genau esou ass ët mam Tram , deen muss so schnell wéi méiglech gebaut gin , an dann mussen nei Strecken dobäi kommen , daat den Busverkéier reduzéiert gët. Zukunft gehéiert dem Zuch an dem Tram wann mer dem Knascht an der Loft wëllen Meeschter gin.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Gaffinet
  • Topic Author
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
More
29 Mar 2013 16:58 #2065 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Streck Klengbetten - Stengefort
also, ech soen nemmen eppes, wahr jo fill fotoen do maachen, et huet keen wert dei streck do ze reaktiveieren, et sinn jo busser dei fuern an mengen cargo wier och net un engem güterverkeier interesseiert.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
28 Mar 2013 15:18 #2062 by Marcelcfl
Replied by Marcelcfl on topic Streck Klengbetten - Stengefort
gudden mettech hmm daat as eng gut froo ech wess just das eng Firma am gang war oder as nach am gang caniwoen ze leen kann awer sin das do eppes geschit me mei wess ech och net

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Gaffinet
  • Topic Author
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
More
25 Mar 2013 13:44 #2057 by Gaffinet
Streck Klengbetten - Stengefort was created by Gaffinet
Salut alleguerten, ech krut gezielt, dass eng Firma dei Geometer heescht d Streck fun Klengbetten op Stengefort geing vermossen an dassen anscheinend Kabelen geingen geluescht gin fier Barrier. Mais kann daat kaum gleewen. Well wahr weini zu Stengefort, d Gare ass komplett zugewuescht an d Weischen sin och alleguerten futti.

Wees een do fleid mei oder ass daat nemmen warm Loft waat do gezielt gett?

Soen elo schon merci am vieraus.
:) :)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.272 seconds