- Posts: 79
rail.lu - The Railways in Luxembourg, and beyond
Projet nei Gare Ettelbrëck
- merni
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
23 Oct 2014 14:40 #3448
by merni
Replied by merni on topic Re: Aw: Re: Projet nei Gare Ettelbrëck
Salut,
Ech hun dat scho sou verstan dat et e Park and ride gett. Ech ka mer net virstellen dat d'Residenten aus dem Quartier do e gratis Parkhaus opgeriicht kréien. Wann d'Gare soll genotzt ginn, muss se accessibel sinn, mat Bus, Velo awer och (a villäicht virun allem) mam Auto.
Et as net esou dat den Ettelbrécker näischt un der aler Gare läit, mais sie kann nun ebe net ennertunnelt ginn a wann dat net geschitt, fuere weiderhin 20000 Autoen den Dag virun der Gare laanscht, de Quartier ka net revitaliséiert ginn a bleiwt dat wat en as, e groën, onsecheren, erofgekommenen Eck. Déi nei Gare (der hiirt Ausgesinn nach net festgeluecht as) huet vill méih Plaz, fir Mobilitéitszentral, Commercen, Bureauen fir d'CFL a wat ganz wichteg as fir d'Police, déi an desem Quartier besser as wéi aktuell bei der Post.
Wéi haut am Wort ze liëse war, huet de Virtrag d'Leit iwerzegt a vill Froen beäntwert an domat de Géigner de Wand aus de Segele geholl. Vill vun vun deenen hätten d'Geld léiwer an enger Emgehungsstrooss fir op Feelen gesinn ...
Ech ka lo net hei all Detail erklären, mais fir mech as de Projet eng grouss Chance fir Ettelbréck an déi ganz Nordstad a besonnech fir den öffentlechen Transport.
Als Eisebunnsfrend färten ech just fir d'Streck op Dikrech. Et hescht wachsam bleiwen, Verbesserungen och fir den Zuch reklaméieren an ... den Zuch fläisseg notzen.
De neien Projet Zentralachse deen den Zuch (provisoresch? mettelfristeg?) bäibehält, gett demnächst virgestallt. Do gi mer da méih gewuer.
nm

Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 105
23 Oct 2014 07:45 #3447
by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Aw: Re: Projet nei Gare Ettelbrëck
Ass e risegrousst Parkhaus op der Ettelbrécker Gare zukunftsweisend ?
Dat ass jo gesot, wann ech an Zukunft aus der Stad op Ettelbréck fuere wëll, da fueren ech mam Auto, well ech kréien zu Ettelbréck op der Gare gutt Plaz, fir mäin Auto ze parken.
Firwat brauche mer dann iwwerhaapt nach e Gebai fir déi nei Gare ? Deenen Ettelbrécker läit jo näischt méi un deem ale, stilvolle Gebai ; also kënne mer dat ofrappen an duerch näischt ersetzen. E grousst Parkhaus fir d'Autoe geet duer !
Wahrscheinlech gëtt am Kader vun de Baggeraarbechten dann och e Virwand fonnt, fir ze soen, mer mussen d'Streck op Dikrech vorübergehend "aus technesche Grënn" zoumaachen. Duerno gëtt se dann ni méi opgemaach, an esou hu mer déi Dikrecher Leit gutt ugeschass. Amplaz dass si eng Direktverbindung mam Zuch an d'Stad hunn, musse si fir d'éischt mat engem Pneuenträmmelchen (och nach "Mettis" genannt) op Ettelbréck zuckelen.
Dee Pneuenträmmelche kënnt ee jo dann direkt bis an d'Stad verlängeren, op der Trass vun der aktueller Eisebunnsstreck.

21 Oct 2014 22:00 - 27 Oct 2014 14:28 #3445
by merni
Replied by merni on topic Re: Aw: Re: Projet nei Gare Ettelbrëck
Salut,
Den Owend as de Projet vun der Ettelbrécker Gare virgestallt ginn. Dobäi huet de Camille Gira de François Bausch vertrueden. De grousse Sall am Cape war bis op déi leschte Plaz gefellt.
No enger guder an interessanter Präsentatioun gouf geklappt, d'Stemmung war duerchaus dem Projet positiv gesennt. D'Presentateuren kruten de Message eriwer, dat d'Garegebai net ze retten as, sou dat an der Diskussioun d'Géigner et schwéier haten hir Argumenter riwer e bréngen.
This image is hidden for guests.
21.10.2014: présentation du pôle d’échange multimodal de la gare d’Ettelbruck au CAPe (grande salle) (en prés. de Camille Gira, secrétaire d’état au Développement durable et aux Infrastructures)
Et as also als secher unzehuelen, dat de Projet elo sou op den Instanzewee geht.
Obschon et net den eigentlechen Thema war, waren déi kontroverst Diskussiounen iwert den Zuch op Dikrech. De soll, nodeem d'Koaltioun sech net eens gouf, elo mol bestoe bleiwen. D'Gestaltung vun der Zentralachse gett trotzdem an Ugreff geholl, a soll an Zukunft niewt dem Gleis, 2 Busspueren (fir e Genre "Mettis"), 2 Autosspuren an e Velos-Foussgängerwee opweisen.
This image is hidden for guests.
slide concernant le futur axe central Ettelbruck-Diekirch avec maintien (provisoire?) de la voie ferrée (Photos: Mercatoris Nico)
Trotzdem bleiwt d'Zuchstreck a Gefoër. Et huet e kloër gemierkt, dat gehofft gett dat dat starkt verbessert Busangebot den Zuch iwerflësseg mecht. De neie Fahrplang mat enger Verlängerung vun der Fahrzäit tescht Dikrech a Lëtzebuerg vun 30' op 45' (RB amplaz IR) dréit secher net zur Attraktivitéit vun der Linn bäi.

Please log in or register to see it.

Last edit: 27 Oct 2014 14:28 by adminv15.
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 105
12 Oct 2014 09:24 #3406
by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Aw: Re: Projet nei Gare Ettelbrëck
Fir d'Gare nëmmen deelweis ofzerappen heescht am Fong näischt anescht, wéi dass een d'Gebai verstëmmelt. Dat mëcht d'Situatioun net besser.
Sou e Beispill kann een zu Hollerech gesinn, wou d'Gare viru Joere verstëmmelt gouf. Do steet elo nach e bëssche méi wéi d'Hallschent vun deem fréiere Gebai, an direkt niewendru steet eng gräisslech Hal. D'Gare war fréier en harmoneschen Ensembel, an elo ass et egal wat.
Sou e Beispill kann een zu Hollerech gesinn, wou d'Gare viru Joere verstëmmelt gouf. Do steet elo nach e bëssche méi wéi d'Hallschent vun deem fréiere Gebai, an direkt niewendru steet eng gräisslech Hal. D'Gare war fréier en harmoneschen Ensembel, an elo ass et egal wat.
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- jmo
-
- Offline
- Platinum Member
-
11 Oct 2014 16:27 - 11 Oct 2014 16:31 #3405
by jmo
Replied by jmo on topic Re: Aw: Re: Projet nei Gare Ettelbrëck
Gët ët kee Plang wou een den neien geplangten Stroossentunnel an déi aktuell Gare dropgesait, fir dat een sëch ka virstellen firwat sëch déi 2 am Wee stin?
Déi aktuell Gare, ewéi mir se elo kennen, ass jo och nët an enger Kéier esou gebaut gin, ët gouf jo e puer Mol baigebaut. ( méih Info ) Duerfir wier ët a mengen Aen och kee Problem wann ee klengen Deel misst weggerappt gin, an ee modernen Ausbau op enger annerer Sait ging baigefügt gin. Ech ging dat schéint Gebai jiddefalls nët ganz wegrappen. Wann déi aktuel Gare bestoe bleiwt, steht se ganz bestëmmt och nach an 100 Joër do, déi nei geplangte Gare wärt awer an 100 Joër sëcher nët méih dostoën!
Dee Film vum Projet vun der neier Gare ass zwar ganz schéin, mais déi ganz Platz virun der Gare kënnt mir e beschen ewéi eng Betonwüste vir... Mais dat wärt jo an der Wirklëchkeet anneschders gin.
jm

Last edit: 11 Oct 2014 16:31 by jmo.
The following user(s) said Thank You: Max_goedert
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- merni
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 79
09 Oct 2014 14:47 - 09 Oct 2014 14:47 #3399
by merni
Replied by merni on topic Aw: Re: Projet nei Gare Ettelbrëck
Salut,
Virun e puer Joër as de Projet schonn emol an der Gemeng presentéiert ginn, dorops as jo och d'Vereenegung Ettelbreck 21 gegrennt ginn.
Op der Versammlung demols gouf gesot:
D'Gebai hennert, well den Tunnel fir d'Strooss no offener Bauweis realiséiert gett.
D'CFL huet deemols verlaude geloss, dat dat alt Gebai fir sie net méih zweckméisseg wir. Niewt de Servicer vun der Eisebunn, soll jo och nach d'Police dohinn (dat gesäit een um Film). Dat as och secher net vu Mutwell.
Dat sinn Argumenter déi een op d'mannst novollzéie kann. Dat d'Plaz virun der Gare autofräi gett fannen ech e grousse Gewenn. Dat de Chantier fir déi Leit déi do wunnen eng Belaaschtung gett as och evident.
D'Vereenegung Eb 21 war och vehement géint den Tunnel an huet proposéiert d'Strooss an d'Bussegare hanne laanscht (do wou den Entrepreneur as) ze léen a mat enger Bréck (niewt der bloer Eisebunnsbréck) iwert d'Eisebunn ze fueren.
An op dat lo déi méih elegant Léisung as? D'Bussegare op der Plaz schengt mer op alle Fall guer net gutt, well ze wäit ewech vun de Leit.
Op der Reunioun werte wuel weider Argumenter a Géigenargumenter op d'Tapéit kommen.
mn

Last edit: 09 Oct 2014 14:47 by merni.
The following user(s) said Thank You: Max_goedert
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Max_goedert
-
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 65
09 Oct 2014 14:41 #3398
by Max_goedert
Replied by Max_goedert on topic Re: Projet nei Gare Ettelbrëck
Salut,
ech denken et ass nemmen wengst dem Tunnel, dass se daat mussen oofrappen. Et ass wirklech Schued, dass lo just nach di modern véiereckeg Keschten do waerten rondremstoen, besser wier et, wann se d'Gebai einfach geingen upassen, also moderniseiren a sanéiren.
ech denken et ass nemmen wengst dem Tunnel, dass se daat mussen oofrappen. Et ass wirklech Schued, dass lo just nach di modern véiereckeg Keschten do waerten rondremstoen, besser wier et, wann se d'Gebai einfach geingen upassen, also moderniseiren a sanéiren.

Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Louis R
-
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 77
09 Oct 2014 10:36 #3397
by Louis R
Replied by Louis R on topic Re: Projet nei Gare Ettelbrëck
Firwat muss dann dat aalt Gebai vun der Ettelbrëcker Gare iwerhaapt ofgerappt gin fir dee Projet ze réaliséieren?
This image is hidden for guests.
Stet ët op der falscher Platz? Ass ët ze kleng oder ze grouss?
Ech fannen dat mer nët sollen lichtfankeg mat eisem Patrimoine ëmgoën, well ët ass jo awer e schéint Gebai!
An dat neit geplangte Gebai gët spéitstens an 30-40 Joër erem ofgerappt!
Louis
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Stet ët op der falscher Platz? Ass ët ze kleng oder ze grouss?
Ech fannen dat mer nët sollen lichtfankeg mat eisem Patrimoine ëmgoën, well ët ass jo awer e schéint Gebai!
An dat neit geplangte Gebai gët spéitstens an 30-40 Joër erem ofgerappt!
Louis
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- merni
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 79
08 Oct 2014 09:26 #3392
by merni
Replied by merni on topic Re: Projet nei Gare Ettelbrëck
Salut,
Merci fir de Link!
Gesäit gutt aus, a wéi e Commentaire bei youtube seet, et läit och e Gleis op Dikrech. Schued fir d'Gare-gebai, mais ech mengen de Projet soll doru net scheiteren.
Den 21ten Oktober em 19 Auer gett de Projet zu Ettelbréck am Cape firgestallt.

The following user(s) said Thank You: Louis R
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- GM1800
- Topic Author
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 64
07 Oct 2014 06:59 - 07 Oct 2014 07:00 #3389
by GM1800
Projet nei Gare Ettelbrëck was created by GM1800
Op Youtube ass elo e Vidéo iwert de Projet vun der neier Gare Ettelbrëck:
Projet nei Gare Ettelbrëck op Youtube
Projet nei Gare Ettelbrëck op Youtube
Last edit: 07 Oct 2014 07:00 by GM1800.
The following user(s) said Thank You: Max_goedert, !!RH!!, NS162, Louis R
Please Log in or Create an account to join the conversation.
Time to create page: 0.198 seconds