Stellwerksim

  • Max_goedert
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
13 Sep 2023 15:19 #5977 by Max_goedert
Replied by Max_goedert on topic Stellwerksim
Moien,

merci fir den Input. Daat neit Stellwierk Ettelbréck ass dann demnext online!

An direkt déi next Fro zum Nordkapp vun der Gare Lëtzebuerg: stëmmt den Weichenlayout op dëser Foto mat der Realitéit iwwerteneen? (En ass vun openrailwaymap kopéiert, allerdéngs stellen ech d'Richtegkeet hei a Fro...)

Merci fir all Hëllef bei desem Projet bäizedroen!

Lg

Max Goedert

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
01 Sep 2023 12:31 #5976 by merni
Replied by merni on topic Stellwerksim
Gudde Moien,
Hei mol 2 kleng Detailer:
- D'Weich op der Dikrecher Streck bei d'Firma Astron Buildings ass ausgebaut
- Zu Ettelbréck sinn d'Gleiser 4 a 5 elo normal gekennzeechent, dat heescht 4 viru 5.
Schéi Gréiss
N.M.
The following user(s) said Thank You: Max_goedert

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Max_goedert
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
01 Sep 2023 10:21 - 01 Sep 2023 10:24 #5975 by Max_goedert
Replied by Max_goedert on topic Stellwerksim
Salut,
vu dass di läscht Joëren ganz vill op der Nordstreck geschafft guff sinn mir grad umgaangen d'Stellwierk Ettelbréck op Stellwerksim.de ze aktualiséieren.
Déi nei Gleisanlagen zu Ettelbréck, Miersch an Dummeldeng sinn well agebaut, awer nach net spillbar, well sie elo getest ginn. Vleit kennt jo hei een sech ganz gudd aus, an kiint emol iwwer d'Stellwierk kuken:
1. ob d'Signaler richteg platzéiert sinn (a Wiirklechkeet sinn et allerdéngs ETCS-Rangéiersignaler, daat kenne mir um Sim awer net duerstellen);
2. ob d'Quai'en an d'Ofstellgleiser richteg numérotéiert sinn;
3. ob d'Embranchementer sou nach richteg sinn;
4. ob d'PN'en richteg leien.

D'Stellwierks-Bild, fannt dir op folgendem Link: we.tl/t-TtymBetNKV
(Leider ass d'Qualitéit hei um Site ze schlecht liesbar)
Fir all Kommentar an Ureegung sinn mir dankbar!

LG Max
Last edit: 01 Sep 2023 10:24 by Max_goedert. Reason: Link vun Bild beigefügt

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
13 Sep 2016 12:47 #4558 by wagm
Replied by wagm on topic Re: Stellwerksim
Salut,

ech hun elo grad festgestallt dass op stellwerkssim.de keen simulator vu letzebuerg mei drop ass. ass deeneroofgeholl ginn, oder hun ech et just net eremfonnt?
fleit kann een hellefen

MbG

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Max_goedert
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
06 Feb 2015 14:36 #3628 by Max_goedert
Replied by Max_goedert on topic Re: Stellwerksim

merni wrote: Salut,

Ech hunn op d'Mail déi ech krut geäntwert, mat de Fahrpläng.
Hei klappt dat net fir se an ordentlecher Qualitéit unzehenken.

Hei nach Info zu 2 Leerfahrten:

Z2 vun der RB 3467 Letzebuerg-Miersch fiirt hannert dem IC 119 eidel op Elwen (Gleis 1) a mecht en RE fir zereck.
Leerfahrt Gouvy-Elwen (vum RE 8643) kennt géint 19:30 zu Elwen op Gleis 3 un a gett dann am "Biwescher Lach" ofgestallt.

Ech hoffen dat huet geklappt, soss einfach nach emol mellen.

nm


Haat Dier déi E-Mail op goedertmax@gmail.com geschéckt? :)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Max_goedert
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
06 Feb 2015 06:23 #3627 by Max_goedert
Replied by Max_goedert on topic Re: Stellwerksim
Hey, villmools merci fir déi Info! ;)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
05 Feb 2015 21:12 #3626 by merni
Replied by merni on topic Re: Stellwerksim
Salut,

Ech hunn op d'Mail déi ech krut geäntwert, mat de Fahrpläng.
Hei klappt dat net fir se an ordentlecher Qualitéit unzehenken.

Hei nach Info zu 2 Leerfahrten:

Z2 vun der RB 3467 Letzebuerg-Miersch fiirt hannert dem IC 119 eidel op Elwen (Gleis 1) a mecht en RE fir zereck.
Leerfahrt Gouvy-Elwen (vum RE 8643) kennt géint 19:30 zu Elwen op Gleis 3 un a gett dann am "Biwescher Lach" ofgestallt.

Ech hoffen dat huet geklappt, soss einfach nach emol mellen.

nm

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Max_goedert
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
05 Feb 2015 15:23 #3624 by Max_goedert
Replied by Max_goedert on topic Re: Stellwerksim
Hey nach eng Kéier,

ech wollt just soen dass wann een d'Meiglechkeet hätt eng Foto vum Fahrplang mat de Gleisbelegungen von Elwen ze maachen, dann wier ech ganz frou wann der déi hei kiint posten oder als Unhang via email schécken.

Merci am Viraus! ;)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Max_goedert
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
02 Feb 2015 15:37 #3618 by Max_goedert
Replied by Max_goedert on topic Re: Stellwerksim
Hey,

oh freck jo daat do ass komplizeiert...

Villmools merci fir aer Hellef awer! ;)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
31 Jan 2015 19:21 - 31 Jan 2015 19:22 #3614 by merni
Replied by merni on topic Re: Stellwerksim
Salut,

Et as schwireg d'Fahrpläng a néideger Qualitéit unzehenken.

Dofir hei just puer Ergänzungen.
Um Hafas stinn Quaien fir Elwen uginn. Stemmt awer net emmer mat den Aushangfahrpläng iwereneen.

Laut deenen ginn Gleis 1 an 2 genotzt (A leschter Zäit hunn ech dat och emmer esou beobacht). Op Gleis 3 kommen nemmen 2 Zich un (RE 3723 Denschdeg bis Freideg, RE 3718). Vu Gleis 3 fiirt plangméisseg ké fort.

Déi Lécker a Richtung Lëtzebuerg fueren emmer vu Gleis 1.
Déi Lécker a Richtung Gouvy fueren och vu Gleis 1, mat Ausnahm vun 109, 111, 117, 121, 123, déi Méindes bis Freides vu Gleis 2 fueren.

Alles an allem vill duercherneen. Fir d'Reesender net einfach:
z.B. 20:06 fiirt den RE fir Lëtzebuerg vu Gleis 2, verstoppt duerch d'Rame vum RE den 19:54 op Gleis 1 ukennt, wou dann RE Luxembourg drop steht, awer réicht 20:36 fiirt!

nm
Last edit: 31 Jan 2015 19:22 by merni.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
19 Jan 2015 19:11 #3576 by merni
Replied by merni on topic Re: Aw: Stellwerksim
Salut,

Gleis 2 a Gleis 3 ginn alternativ genotzt.
z.B. gescht Sondeg stoungen 2 Z2 op Gleis 3 ofgestallt aner Sondeger stoungen se op Gleis 2.
Laut Fahrplang sollen d'RE Sondes vu Gleis 2 fueren.

Ech sinn och scho mat Lécker Zich iwer Gleis 3 gefuer (z.B an der Woch mam 117).

Ech fueren der Deeg op Elwen a photographéieren dann d'Fahrpläng. Do si mettlerweil vun Hand Ännerungen agedroen.

nm

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
19 Jan 2015 12:28 #3573 by Initsch
Replied by Initsch on topic Aw: Stellwerksim
Bonjuer,

D'Léck'er kommen normalerweis emmer op d'Gleis 1 fierun d'Gare. Suwuel a Richtung Léck ewei a Richtung Staat.


Zu dengen Froën:

RE 13:24 Arrivée zu Ëlwen, 14:36 zereck an Staat (Gleis 3 giff ech soën)
RE 14:24 Arrivée zu Ëlwen, 14:26 Départ richtung Gouvy (Ass eng Lécker Rame, also Gleis 1)
RE 14:54 Arrivée zu Ëlwen, 15:06 Départ zereck an d'Staat als RE (normalerweis eng 2200'er, Gleis 1, steet jo nit laang do)
RE 15:24 Arrivée zu Ëlwen, 16:06 Départ zereck an Staat (Steet op Gleis 3 normalerweis, eng Dosto Loc 4000)
RE 15:34 Arrivée zu Ëlwen, 15:36 Départ an Staat (Lécker Rame, Gleis 1)
RE 15:54 Arrivée zu Ëlwen, 16:36 Départ zereck an Staat (Gleis 1, 4000'er mat Dosto)

Alles sans Garantie, ech hun mech bessen op d'Zaiten baseiert wei laang se do stinn. d'Léck'er kommen emmer op Gleis 1 virun d'Gebai, wanns de dovunner ausgees kanns de den Recht placéieren. Gleis 2 ass selten benotzt, den Weekend steet mol an all Abschnitt je eng Z2, also ass d'Gleis do nit ze benotzen.

MbG

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Max_goedert
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
18 Dec 2014 15:45 - 18 Dec 2014 15:49 #3535 by Max_goedert
Stellwerksim was created by Max_goedert
Gudden Owend alleguer!

Verschiddener vun Ierch kennen desen Site bestemmt well: www.stellwerksim.de

Ech, an 2 Leit aus Deitschland schaffen do am Moment un den Stellwierker fir Letzebuerg, mei spezifesch un der Nordlinn.
An do sinn mer un e klenge Problem gestouss, weinst deem neien Fahrplang.
Ech breicht lo dringend Hellef vun engem hei aus dem Forum deen mettlerweil wees wei d'Zich zu Elwen rangeiren. Well ech fannen leider keng Zeit fir bis rop kuken ze fueren :/

Den Problem ass desen:

Zu Elwen ginn et 3 Quai'en, den 2ten ennerdeelt an 2 Abschnitter.
Huelen mer d'Stonn 15:
Do kennt um 14.54 en RE aus der Staad + um 14.24 en RE aus der Stad + um 15.34 en IC vun Léck.
Um 15.06 fiert en RE an d'Stad + um 15.36 en IC an d'Stad + um 15.54 en RE aus der Stad

Meng Froen:

1. Op wei engem Quai fueren d'Zich vun/op Gouvy/Léck (den IC)?
2. Weini fiert den 14.54 RE rem an d'Staad? An op wei een Quai stellt deen sech?
3. Weini fiert den 14.24 RE rem an d'Staad? Wei een Quai?

Daat ganzt geet nemmen sou op, dass een vun deenen 2 RE'en mei wei 1 Stonn zu Elwen hällt, ass daat korrekt?

Merci fir all Info'en ;)
Last edit: 18 Dec 2014 15:49 by Max_goedert.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.231 seconds