Wou ass dëst? Schmuelspurstreck Betebuerg - Uespelt

More
26 Juni 2014 06:51 #3203 by Dan802
Salut

et ass sou wei den b3602 geschriwwen huet.

dei beem am hannergrond op der Rietser säit vum Gleis missten haut nach do sin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
25 Juni 2014 20:17 #3202 by Pierrelux
Wann een op Geoportail d' Satellittenbiller gesait kann een den Traçé nach novollzéihen: Et gouf eng laang riit Streck tëscht Beetebuerg an Helléng:

www.itoworld.com/map/15?lon=6.13874&lat=49.50609&zoom=16&fullscreen=true

Ech hun un Hand vun Bing Satellittenbiller d' Strëck fir Openstreetmap probéiert nozevollzéihen: Se goung matzen duerch déi heitëg Garage op der N13 an engem Bou duerch den Rondpoint op der N13 Richtung Helleng-Gare.

Vlaicht wor et do?

Pierre

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
23 Juni 2014 22:19 - 23 Juni 2014 22:20 #3201 by bb3602
Gudden Owend,

ma zum Beispill direkt Ausgangs Beetebuerg ass d'Streck e Stéck matzen duerch d'Landschaft gaang.

Hei gesait een een den Trassée nach:

map.geoportail.lu/?zoom=7&X=64209.65625&Y=75474.53125&crosshair=true

Fir d'topographesch Kaart vun 1954 klickt lénks op "Données de base", dann op "Cartes topographiques", dann op "Cartes topographiques historiques" an do op "Carte topographique 1954".
Last edit: 23 Juni 2014 22:20 by bb3602.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
23 Juni 2014 19:37 #3200 by jmo
Hei ass ee Scan vun der Sait 80 aus dem Buch "Die Schmalspurbahn Bettemburg - Aspelt" vum Jean-Paul Meyer, mat den Nimm vun de Lait:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Et ass also wirklech op der Schmuelspurstreck Betebuerg - Uespelt. Et bleiwt also just nach erauszefannen, wou genee déi Foto gemach gouf!

jm

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
21 Juni 2014 18:36 - 21 Juni 2014 21:12 #3197 by charel1604
Den Text zur Foto set jo Betebuerg 1930. D'Schmuelspurstreck Betebuerg - Uespelt gouf von 1919 -1934 vum PH bedriwen. D'Joer ging also klappen. Den Uniformen no misst et jo eng PH-Streck sin. Wou gouf et dann eng riicht lang Streck déi nët lanscht Strooss gangen ass op där Streck?

Charel
Last edit: 21 Juni 2014 21:12 by charel1604.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
21 Juni 2014 15:59 - 21 Juni 2014 16:01 #3193 by Jos K
Wei e Profil gouf bei de Schmuelspurstrecken benotzt?

op folgender Sait sin dei verschieden Profiler beschriwen www.gleisbau-welt.de/site/material/schienen_schienenprofile.htm

Ech ging vum Gefill hir soen, dat Schmuelspur Stegbreeten vun 10 cm hat, an Normalspur 14 cm haten.
An denen 2 Fall kennt ee mat 10 Schinen op d'Breet vun der Spurwait : 10x10 cm =1 m an 10 x 14 cm = bal 1,435 m
Demno kinnt et eng Schmuelspur oder Normalspurstreck sin.
Last edit: 21 Juni 2014 16:01 by Jos K.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Louis R
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
20 Juni 2014 20:08 #3191 by Louis R
Ech hat och fir d'éischt un Schmuelspuer geduecht, a bei Betebuerg un d'Streck Betebuerg - Aspelt. Wei eng Uniformen hatten se dann do?

Louis

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
17 Juni 2014 05:52 #3184 by Dan525354
Salut,
also wann ech mer die Foto do ukucken an die 3 Männer huehlen,déi knapps niewenteen passen an en duerchschnettleche Mann vun déi Zeit tescht 30 an 45cm breed war,dann kann et wuhl kaum eng Normalspurstreck sin;well 3 x 50 = 150cm.
Dann huet en Schinnesteg vun déier Zeit eng duerschnettleche Breed vu 10cm,et leien 10 Schinnen um Lorry,an daat sin 100cm;also gif ech eischter op eng Meterspurstreck tippen.
Et kann natirlech Streck Naerden - Martelange sin;mee daat doen ass méih schwéier erauzefannen,ken Unhaltspunkt,ausser enger langen Geraden;mee bon,losse mer kucken.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Louis R
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
15 Juni 2014 19:22 - 16 Juni 2014 13:47 #3182 by Louis R
Déi Foto mat der PH - Damplok 261 ass ganz klor Stengefort! Villmols merci fir déi Recherchen!


Ech hat och nach folgend Foto um Internet fonnt:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Mat dësem Text: BETTEMBOURG -Travaux pour la ligne du train 1930 carte photo

Ech huelen dann och un, dat dëst och nët Bëtebuerg, mais eng PH-Streck ass (well d'Eisebunner schingen eng PH - Kapp unzehun, esou wéi op der Foto mat der PH-Lok), fir wat nët d'Attertlinn... Vleicht fënnt och een eraus wou dëst ass?

Louis
Last edit: 16 Juni 2014 13:47 by adminv15.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.212 seconds