Photo Elwen?? Geléist!

More
10 Nov. 2014 22:16 - 10 Nov. 2014 22:17 #3467 by CC1800
Replied by CC1800 on topic Photo Elwen?? Geléist!
Ech froen mech ob deen Zuch do net eischter Nordwärts fiert, wouvir och geif schwetzen dass d'47er esou schafft.
Waat mer och nach obgefall ass ass den stengen Aschnett ob deem de Fotograf stung, daat ass an der Form ob der Nordstreck och net esou heefech.
Ech froen mech ob et net virun Drauffelt ass: Suncalc
Last edit: 10 Nov. 2014 22:17 by CC1800.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • merni
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
10 Nov. 2014 20:32 - 10 Nov. 2014 20:49 #3465 by merni
Replied by merni on topic Photo Elwen?? Geléist!
Salut,

Op der Säit 232 vun Eisenbahnen in Luxemburg Band 2 steht:

November 1955. Für seine Reportage über die CFL konnte Paul Aschman auf der 1604 von Lux. nach Ulflingen fahren. In Ulflingen war er über den ... Tunnel spaziert und fotogr. an der Einfahrt in den Tunnel aus der Richtung Gouvy die 4702 vor einem Güterzug ...

Ech selwer hunn d'Vue scho méih dak gemach.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Also ech ka mer mam beschte Well net virstellen, wéi déi Foto vun der 4702 soll zustan komm sinn.

nm
Last edit: 10 Nov. 2014 20:49 by merni.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
10 Nov. 2014 19:22 - 11 Nov. 2014 12:43 #3464 by jmo
Replied by jmo on topic Photo Elwen?? Geléist!
D'Foto ass mol am Oktober 1955 vum Pol Aschman gemach gin. Vleicht huet een d'Revuen vun Oktober, November, Dezember 1955 fir nozekucken ob dës Foto an engem Artikel mat weider Erklärungen publizéiert gouf.

Hei ass awer och nach eng Vergréisserung vum Hannergrond:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Do schingt riets ee 2. Gleis ze leien.

bis dann,

jm
Last edit: 11 Nov. 2014 12:43 by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
10 Nov. 2014 18:12 #3463 by Dan525354
Replied by Dan525354 on topic Photo Elwen?? Geléist!
Salut Jean-Marie,
daat doen ass menger Mehnung no niit virum Tunnel vun Elwen,ewou die 2 genannte Strecken ausserneen gin.Och wann den Damp do ass,dann wär de Wenkel ze enck,fir daat Streck Richtung Welwerdang do erausgeet.
Op der Héicht vum 10. oder 11.Won vum Zuch steet e Scheld,eng Art Balken als Virukennegung un en Signal.Daat ass emol meng Mehnung dozou;et ass och ewéis de sees,déi 2 Gleiser leien jo do direkt beieneen an enger Héicht.
Bis dann

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • merni
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
10 Nov. 2014 16:39 - 10 Nov. 2014 16:45 #3461 by merni
Photo Elwen?? Geléist! was created by merni
Salut,

Déi Foto vum Pol Aschman déi ech unhenken, steht um rail.lu an as och schon an diverse Bicher publizéiert ginn.

Emmer steht derbäi dat den Zuch virum Elwenter Tunnel as, an dat rechts d'Gleis vun der Wilwerdanger Streck as.

As dat richteg? Ech kennen déi Plaz déi Säit dem Tunnel zu Elwen selwer ganz gutt, neierdengs as déi Plaz och gutt erreechbar duerch d'Velospiste vun der Vennbunn.

Déi Wilwerdanger Streck steigt direkt hannert dem Tunnel an as séier e puer m méih héich wéi déi Gouvyer, och besteht séier e säitlechen Ofstand.
Déi Kéier am Hannergrond kennt klappen, allerdengs as do déi Gouvyer Streck 1gleiseg an déi Wilwerdanger scho vill méih héich.

Et kann een och déi aner Fotoen um rail.lu kuken a mat der Foto vum Pol Aschmann vergläichen. Dat klappt menger Meenung no net iwereneen.

Wou war de Pol Aschmann 1955 ennerwee? Huet heen deen Dag nach aner Fotoen gemach?

Et géif mech interesséieren Är Meenungen zu der Foto ze héieren.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Merci a schéi Gréiss

mn
Last edit: 10 Nov. 2014 16:45 by merni.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.174 seconds