Uelzecht-Iwwerbréckung zu Fenteng oder Bréck beim Fentenger Kiefecht?

  • admin
  • Topic Author
  • Offline
  • Administrator
  • Administrator
More
12 Mai 2019 10:27 - 12 Mai 2019 10:29 #5404 by admin
Déi 2 attachéiert al Fotoen hei sollen d’Uelzecht-Iwwerbréckung zu Fenteng am November 1917 duerstellen.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Déi eenzeg Bréck iwwert d’Uelzecht ass awer am Gleisdräieck (zu Béiweng zou) an déi ass net grouss … Déi aner ass op der Stross no bei Fenteng (geet iwwer Strooss an Uelzecht) an déi kenne mir vun anere Fotoen. Béid kënnen et net sinn. En plus leien hei Schinnen ënnert der Bréck an do ass keng Uelzecht. Menger Meenung no stëmmt dat mat der Uelzecht net. Esou grouss kann ech mir just virstellen, datt et déi Bréck beim Fentenger Kiefecht an der Rue Armand Rausch ass. Do ass 1917 effektiv déi al Betonsbréck ofgerappt ginn an et ass fir eng 17 Joer eng hölzen Noutbréck dohinner komm. Kéint dat déi heite sinn???
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Weess ee méi?

Merci,

Roland Schumacher
Last edit: 12 Mai 2019 10:29 by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.142 seconds