Chareli = Red Diamond Express - Dommeldingen 1945

Plus d'informations
31 Mai 2016 17:55 #4431 par KOHN Carlo
Réponse de KOHN Carlo sur le sujet Re: Chareli = Red Diamond Express - Dommeldingen 1945
beim gebäude auf dem foto unter rubrik 3), foto das einen mit benzinkanistern beladenen güterwagen und zwei amerikanische militärs mit einheimischen helfern zeigt, handelt es sich um den vizinalbahnhof "charly's gare" in luxemburg-dommeldingen. (heute contournement dommeldange) die leichten elektrischen fahrdrähte auf dem bilde gehören wahrscheinlich zur stästischen elektrischen tram, die dem charly auf der strecke hauptbahnhof-rollingergrund-eich-dommeldingen freies geleit sichern musste...

kohn c
luxembourg-beggen
621 705718

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
23 Aoû 2015 11:28 #3907 par adminv15
Réponse de adminv15 sur le sujet Re: Chareli = Red Diamond Express - Dommeldingen 1945
Gudde Mëtten,

D'Informatiounen iwwert den Red Diamond Express sinn spärlech, mä kommen haaptsächlech aus folgenden Quellen:
-E. T. Melchers, Luxemburg Befreiung und Ardennenoffensive 1944-1945, 1981
-Unit History vun der 5th Infantry Division, 1945
Dobäi ass unzemierken dat all Informatiounen aus dem Melchers sengem Buch aus dem After Action Report vum Januar/Februar 1945 vun der 5th Infantry Division kommen. Mir hunn deen och secherlech am Musée, an wann ech weert secherlech eemol doduerch kucken op een net nach méi rausfennt!

Wat ech also iwwert den Red Diamond Express wees: D'5th Infantry Division, een Deel vum Patton senger 3. Arméi, huet als Spetznumm "Red Diamond" (wéinst hierem rouden diamantenförmegen Ofzechen). An der Ardennenoffensiv ass des Divisioun em Chreschtdag 1944 als Deel vun dem Patton senger 3. Arméi vun Metz an den Raum Stegen bruecht ginn, fir do een Géigenstouss géint d'Wehrmacht ze machen an den Eisleck nees ze befreien. Dest huet se am Januar 1945 gemeet, an dono (Februar 1945) ass se an den Raum Weilerbach-Iechternach transferéiert ginn.
Hei kennt dann den Charly an d'Spill: fir hieren Noschub méi schnell un d'Front ze brengen, gebraucht d'5th Infantry Division den Charly als Transportzuch an gett em den Numm "Red Diamond Express". D'Scheld ass handgemolt géing ech soen, well den Charly ass den eenzegen "Red Diamond Express" deen et gouf. En ass och déi eenzeg Schmalspurbahn an Europa déi vun den Amerikaner am Krich genotzt gouf. Den Zuch ass an der Duebeltraktioun gefuer, benotzt goufen open Wagonen an um Schluss war den Zuch mat engem schwéieren .50 Maschinnegewier géinnt Fliegerugreffer gesechert. Agelueden gouf zu Dommeldange an Endstatioun war Jonglenster oder Consdorf (Frontlinn ass lanscht d'Sauer gelaaf), spéider dann och Iechternach wéi d'5th Infantry Division sech schons méi wäit an den Westwall ran gekämpft haat. Transportéiert goufen 741 Tonnen Liewensmettel, 776 Tonnen Benzin an 1341 Tonnen weidert Material (all Material ausser Munitioun). Zousätzlech schengt den Zuch och als "Sightseeing"-Zuch genotzt ginn ze sinn, d'Destinatioun ass do allerdengs onbekannt. An deem Fall sinn d'Zaldoten dann och wéi et schengt mat Motricen gefuer.

Zu den Fotoen: Mengem Wessen no gett et der 5 Stéck. 4 dovunner sinn Pressefotoen, eng ass eng Privatfoto. Alleguerten sinn eemol op Ebay versteet ginn, allerdengs zu verschiddenen Zäiten. Vun den Pressefotoen kennt Dir eng (déi mam Führerstand), ech wees do allerdengs net wien den Besetzer ass. Et existéiert nach eng weider wou zu Dommeldange agelueden gett, do wees ech och den Besetzer net. Déi aaner 2 Pressefotoen befannen sech an menger Privatcollectioun, ech haat déi am Februar 'koste es was es wolle' op Ebay gesteet. Ech stellen Iech déi och gaeren zur Verfügung. D'Privatfoto haat ech eemol um Internet fonnt wéi d'Aktioun schon längst riwwer war.

Meng Fotoen:
1) “ETO HQ 45 1?017 17 FEB
CREDIT…U S ARMY SIGNAL CORPS
PHOTOG…PFC JEROME P. MUSAE 166

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


INFANTRYMEN OF THE 5TH DIVISION ABOARD “RED DIAMOND EXPRESS” LEAVING ON ONE-DAY REST FROM THE FRONT AND SIGHTSEEING TOUR IN LUXEMBOURG. E/

H CO 2D BN 5TH DIV”

D'Motrice misst eng Z5 sinn (?). Et ass schwéier ze definéiren wou et genee ass an zu wéi enger Unitéit genau se gehéiren, vu que dass hiert Regiment net indiquéiert ass.


2) “ETO HQ 45 13399 15 FEB
CREDIT…U S ARMY SIGNAL CORPS
PHOTOG…PFC JEROME P. MUSAE 166

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


RED DIAMOND EXPRESS, LOADED WITH GASOLINE FOR THE 5TH DIVISION FRONT, PULLS OUT OF LUXEMBOURG VILLAGE OF DOMMELDINGEN. E/

5TH DIV TUSA”

Et ass net Dommeldange mä Senningen. Dess ass meng absolut Lieblingsfoto vum "Red Diamond Express".

Fir déi 2 Fotoen gellt: Foto: US Signal Corps / Collection: Félix Streicher


3) Net meng Foto, ech wees net wiem se gehéiert, mee et ass déi véiert Pressfoto.

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



4) Net meng Foto, ech wees net wiem se gehéiert. Dest ass eng Privatfoto, mä wat intressant ass: et ass déi selwecht Plaaz an alles wéi op menger éischter Foto!

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Ech hoffen ech konnt Iech mat den Informatiounen hellefen. Wann ech nach eppes méi rausfannen soen ech Iech bescheed!

Mat beschten Gréiss,

Félix Streicher

Volontaire au Musée National d'Histoire Militaire

P.S. Den Charly gouf och schons am Oktober 1944 vun der 83rd Infantry Division benotzt, zwar net als Transportmettel mä als Raimlechkeeten fir eng Radiostatioun + Deeler vum Haaptquartéier. D'83rd Infantry Division haat hieren Headquarters zu Jonglenster, an d'Wagonen goufen do an der Gare benotzt. Et gett Fotoen heivunner, mä déi sinn vun der berühmter Krichfotografin Lee Miller. Ech kennen d'Fotoen just aus engem Buch, mä den CNA misst an deem Fall Kopien hunn.
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: BB3608, Minidax, MF

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
04 Jul 2015 11:18 #3864 par Indusi198
Réponse de Indusi198 sur le sujet Re: Chareli = Red Diamond Express - Dommeldingen 1945
D'5th Infantry Division huet den Chareli am Januar 1945 genotzt, fir Munitioun an aanert Material un d'Front ze féiren. Et ass domat déi eenzeg Schmalspurbahn an Europa déi vun der US Army benotzt ginn ass. Agelueden gouf zu Dommeldange, ausgelueden zu Jonglenster oder Consdorf, méi spéit dann och zu Iechternach, nodeems d'Front méi wäit an Däitschland firgereckt war. Normalerweis ass den "Red Diamond Express" an der Duebeltraktioun gefuer, mat +- 20 Wagonen an um läschten Wagon een .50 schwéiert Maschinegeiwer géint Fliigerugreffer. Et gouf allerdengs och een "Red Diamond Express" mat Persouneween, deen fir "sightseeing" fir d'Amerikaner an der Staat benotzt ginn ass.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
30 Jui 2015 19:54 - 30 Jui 2015 20:01 #3853 par Hipp
Ech fannen déi klappbar Schutzfënster (oder wat ass dat?) op der Sait vun der Charelis-Maschin ganz interessant:
Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Haten méih Maschinen dat? Ech hun dat nach nie gesin.
Dernière édition: 30 Jui 2015 20:01 par Hipp.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
30 Jui 2015 08:03 - 30 Jui 2015 08:06 #3852 par GM1800
Cool Fotoen!

D' 5th Infantry Division hat als Spëtznumm "Red Diamond" well dat hirt Ofzeechen war:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Dat gesait ee jo och op der Schëller vun den 2 GIs am Führerstand vum Chareli
Dernière édition: 30 Jui 2015 08:06 par GM1800.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
29 Jui 2015 21:17 #3851 par adminv15
Réponse de adminv15 sur le sujet Re: Chareli = Red Diamond Express - Dommeldingen 1945
Einfach "Red Diamond Express - Dommeldingen" googeln

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
29 Jui 2015 20:56 #3850 par Mercator
Réponse de Mercator sur le sujet Chareli = Red Diamond Express - Dommeldingen 1945
Wo gibt's denn das obige zu sehen?

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
29 Jui 2015 20:49 - 30 Jui 2015 21:13 #3849 par adminv15
Hei nach Biller aus dem Internet vum Chareli als "Red Diamond Express", mat GIs op der Maschin, zu Dummeldeng 1945 mat Ravitaillement fir d' V. Divisioun um Wee fir un d'Front:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


LT.COL. K.L. Mckee, of Williamsport, PA, G-4 of 5th Division, at throttle, and MAJ. R.B. Shamblin, of Charleston, W.VA., in cab of “Red Diamond” engine hauling supplies for 5th Division from Dommeldingen, Luxembourg, to front

Villmols merci un den Här Schartz fir dësen Hiweis!


Si weider Informatiounen oder Fotoën iwert dës amerikanesch Truppe-Geschicht aus dem WWII bekannt?

D'Lok misst eng CV Série S ex - RhB (CFL série 350) sin. Op dem éischte Wagon stet CVE . Goufen d'Wagon nët, resp. nët all op DR ëmgezeechent?

Et misst sëch ëm ee Waggon vun dëser Série handelen:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.

Dernière édition: 30 Jui 2015 21:13 par adminv15.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.194 secondes