Wagons-Lits Sleeping-Car Bruxelles - Sterpenich - 1934

Plus d'informations
15 Jui 2017 18:09 #4804 par RV
De Schnellzuch 2 vun Oostende op Basel an 1 vun Basel op Oostende hat am Summer 1931 en Schloofwon Oostende - Venezia an zereck. Quell: www.tassignon.be (Indicateurs)
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
14 Jui 2017 08:42 - 14 Jui 2017 08:43 #4801 par jmo
Villmools merci fir déi Infos!

Jean-Marie
Dernière édition: 14 Jui 2017 08:43 par jmo.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
13 Jui 2017 09:44 #4800 par traindocs
Réponse de traindocs sur le sujet Wagons-Lits Sleeping-Car Bruxelles - Sterpenich - 1934
Gudde Moien alleguer,

Laut mengen Informatiounen (Horairen vun deemols) gouf et 1934 zwee Zich matt Wagon-Lits dei zu Letzebuerg duerchgefuer sinn - exploiteiert vun der bekannter CIWL.

Deen eischten woor een Zuch Oostende Basel :
Oostende ab 18h25, Bruxelles Nord 20h02 / 20h16 , Letzebuerg 23h57/ 0h17 , Basel un 5h32 .
matt direkte Voituren (mee waarscheinlech NET d'Voiture-Lits) bis Ventimiglia via Gotthard-Milano-Genova.

Deen zweeten Zuch woor een Zuch Den-Haag-Basel :
Den Haag ab 20h57, Bruxelles Nord ab 0h55, Letzebuerg 4h48/ 5h00, Basel un 10h55,
och matt direkte Voituren weider bis an Italien via Gotthard.

all Auerzeiten sinn an Lokalzeit , an Holland dei sougenannt "Amsterdamer Zeit", matt 40min(!) Ennerscheed op Letzebuerg ;
Ze bedenken och, dass et eng "Jonction" Bruxelles Nord - Bruxelles Midi (komplett ennerierdesch wei haut) dei Zeit nach nett gouf. Dei ass ereischt an de 1950-er Joeren faeredg ginn. Bis dohinn woor dei Breisseler Gare du Nord eng "Saakgare".

Deen Billjet konnt ech leider net engem bestemmten Zuch zouuerdnen. Bei de N°Voiture keint wuel eischter den Nummer vun der aagesaaten Voiture vun der CIWL gemengt sinn.
Deen Billjet schengt mer och den "Supplément Voiture-Lits" ze sinn (deen CIWL akasseiert huet). Derbei kennt nach deen "normalen" Billjet - an desem Fall misst daat een vun der 1.Klass sinn - deen dei respektiv Eisebunnsgesellschaften akasseiert huet.

Hoffen matt desen Info-en gedengt ze hunn.
Jean Louis

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
12 Jui 2017 09:18 #4799 par jmo
Gudde Moien,

Ech sichen Informatiounen iwwert folgende Billet den ech viru kurzem fonnt hun:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.


Coupon 2 - Wagons-Lits Sleeping-Car Lit N° 13 - Voiture N° 2342 Bruxelles - Sterpenich ou vice versa - III Classe Prix: 30,50 francs belges - 20.1.934

Wéi een Zuch war dat?
Vu wou bis wouhinner ass dee gefuer?
Vu wéini bis wéini?
etc.

Villmools merci am Viraus!

LG,

Jean-Marie

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.171 secondes