Wolz Gare

Plus d'informations
28 Mar 2016 23:39 #4337 par Majal
Réponse de Majal sur le sujet Aw: Wolz Gare
dat gleis dat lo ewech geholl gouf loung zanter der stellegung Wiltz - Benochamps broch. Den onschloss gouf zanter ech wess vun der Weeltzer gare nemmen bis zur eurofloor vum. Auslader gefuer an derno nick meih.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
28 Mar 2016 16:52 #4332 par merni
Réponse de merni sur le sujet Re: Aw: Re: Wolz Gare
Moien,

Ah sou! Säit d'Sommer-Eurofloor net méi bedengt gett, as d'Gleis déi Säit der Weltzer Gare ongenotzt.

Ech kennt mer de Réckbau gutt virstellen, mais an deem Fall gett secherlech de Veloswee bis op d'Gare verlängert. An deem Fall géif den Tracé erhale bleiwen.
Am Moment as de Veloswee vun der Gare aus nemmen iwert eng zimlech befuere Strooss mat Steigung ze erreechen.

Dann hale mer dat mol am Bléck!

Iwregens gesäit een op google maps wéi wäit d'Gleis nach bis viru kurzem louch!

nm

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
28 Mar 2016 14:57 #4326 par Claude Oswald
Réponse de Claude Oswald sur le sujet Re: Aw: Re: Wolz Gare
Sou wéi ech de Minister Bausch bei enger Entrevue verstan hunn, gëtt d'Streck zeréckgebaut an duerno verbaut. Dat heescht, eng Verlängerung op Wanseler oder Baastnech wäerd duerno ni méi méiglech sinn.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
27 Mar 2016 21:29 #4324 par Gaffinet
Réponse de Gaffinet sur le sujet Aw: Re: Wolz Gare
okay merci,
Daat heescht hannert deem PN loungen
just nach 400 meter gleis? Oder na mei weid?

MFG

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
27 Mar 2016 11:04 #4322 par merni
Réponse de merni sur le sujet Re: Wolz Gare
Moien,

D'Schinnen sinn elo hannert dem klenge PN de bei d'Firma IVC geht, ewech geholl ginn. D'Schwelle leie nach. Ech kennt mer firstellen, dat de Veloswee geschwenn bis dohi kennt.

Hannert dem PN hunn ech viru Joëren mol eng Foto gemach, wou d'bk 10.2 drop ze gesinn as. Wann ech da schätzen, géif ech soen dat ronn 400m elo ofgebaut goufen.

Et kennt sinn, dat se d'Persounenzich an Zukunft erem bis zu dem klenge PN fuere lossen. Déi Frichen ginn an e neie Wunnquartier emgewandelt an da géif dat duerchaus Senn machen.

Schéi Gréiss

nm

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
27 Mar 2016 01:21 #4321 par Gaffinet
Wolz Gare a été créé par Gaffinet
Moien.
Ech wollt mol nofroen hun gesinn se huna
Richtung Wanseler d'Gleiser rausgerappt
dei nach loungen. Wieviel KM Gleis wahr
an dei Richtung nach erhaalen iert se se
rausgerappt hun?

MFG
Yannick.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.173 secondes