D'Barrièreshaischen zu Bierschbech / Miersch

Plus d'informations
13 Jan 2022 11:27 #5832 par Dan525354
Réponse de Dan525354 sur le sujet D'Barrièreshaischen zu Bierschbech / Miersch
Salut
Zu nah an den Schienen,waat soll dee Blödsinn? Wee baut dann eise Schinnereseau an eis Gleiser op de Garen?Wann ech iwerall Oofstänn tescht deen zwee Gleiser gesin,da gif ee mengen,se weilten d'Breetspuerbahn vum Hitler hei zu Letzebuerg bauen.Sie rippen d'Gleiser iwerall jo eriwer a wann een eng Foto mat Weitwenkel mecht,dann sin se nach net riit.
Et ass,ewéi diir schreiwt;hei am Land gi just Burgen a Schlässer gehalen an deen aale Buttek,waat Relikter aus der aaler Eisebunnszeit sin,mussen ewech.
Loose mer kucken,ewéi et virugeet mam Barriereheischen,Sites et Monument wärt sech jo och nach mat Zeiten mellen.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
12 Jan 2022 16:23 #5830 par Jos K
Réponse de Jos K sur le sujet D'Barrièreshaischen zu Bierschbech / Miersch
Haut steet am Wort dat d'Barrièreshaischen vu Bierschbech, 1870 gebaut, "zu nahe an den Schienen" ass, an duerfir muss ofgerappt ginn...

Dat Barrièreshaischen stung elo iwwert 150 Joër op der selwechter Plaz, a war, esou wait ech wees, nie ee Sëcherheetsproblem. Elo no 152 Joër ass et op eemol ee Problem, oder ass et a Richtung Gleiser gerutscht?

Sinn anner, oder alleguer, d'Barrièreshaisercher (an och nach anner Eisebunnsgebaier?) elo ee Sëcherheetsproblem, a mussen ofgerappt ginn?

Ech giff et jiddefalls Schued fannen, wann esou typesch mat Haasteng gebauten Gebaier giffen verschwannen!

Sinn hei am Land just Schlässer, Burgen an Kirchen geschützt?

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
01 Jan 2022 11:06 #5817 par Lemmy
Réponse de Lemmy sur le sujet D'Barrièreshaischen zu Bierschbech / Miersch
Moien.
Daat hun ech och virun puer deeg, mengen et wor den 28 dezember op RTL.
Eis Ministesch seet et wir anscheinend een Secherheetsrisiko.....

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
30 Déc 2021 16:37 - 30 Déc 2021 18:06 #5814 par Hipp
Ech hunn héieren d'Barrièreshaischen zu Bierschbech bei Miersch géing ewechgerappt ginn:

Cette image est caché pour les invités.
Veuillez vous connecter ou vous enregistrer pour la consulter.



Stëmmt dat?

Ginn och nach aner Barrièreshaiser ewechgerappt?

Villmools Merci am Viraus fir all Informatioun!

E schéinen Owend an ee gudde Rutsch!
Dernière édition: 30 Déc 2021 18:06 par Hipp.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.158 secondes