Fahrplang 2013

Plus d'informations
26 Nov 2012 09:36 #1798 par Bouni
Réponse de Bouni sur le sujet Aw: Re: Fahrplang 2013
... an de Käldall huet erëm den zweete Präis :(

Pol

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
25 Nov 2012 18:10 #1796 par Marc Sinner
Réponse de Marc Sinner sur le sujet Re: Fahrplang 2013
Et sollt een nach präziséiren, datt d'Korrespondenz fir op Virton an Arel net méi zu Rodange mee zu Athus gemaach gëtt. Et kommen also keng Belsch Autorailer méi op Rodange. Daat schéint SNCB an CFL ze arrangéiren. Well zu Rodange manner Plaz op de Quai'en gebraucht gëtt, an d'SNCB eo och hir Desiro'en kann asetzen. Daat geet anscheinend net op Rodange, well den halwe Quai zu Rodange ze kuerz ass.

An der Spëtzt fiert och nach 2x d'Stonn en RE op Rodange, deen dann entweder weidergeet op Longech, Virton oder béides (Zuch gett gedeelt).

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
22 Nov 2012 14:59 #1790 par Initsch
Fahrplang 2013 a été créé par Initsch
gudden Mëtteg,

Iwwert den Fahrplang vun 2013 sinn ech mol folgendes gewuer ginn

Hallef-Stonnen Takt iwwer Dippech (xx:22 an xx:52) geet alles bis op Athus, dei fueren (bis op 1-2 Steck) net mei iwwert Esch.

D'Schnellzich iwwert Esch (dei xx:05 an xx:35 fortfueren) haalen alleguerten elo och zu Bierchem an zu Närzeng.

D'Bummler iwwer Esch ( xx:20 an xx:50) haalen elo och all um Belval-Lycée.

Dann ass et mam neien Fahrplang och well meiglech eng reversibel Rame 3000'er op der Wasserbëlleger Streck ze gesinn (4905-4981 ; 4907-4935).
3000'er op der Wasserbelleger Streck sinn jo am allgemengen selten do unzetreffen ;-)

Mengen daat sinn d'Haapt Ennerscheeder zu 2012.

Kleng Ännerungen sinn awer nach dran.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.152 secondes